Accueil - De Pacte Climat 2.0 stäerkt déi lokal Klimapolitik

De Pacte Climat 2.0 stäerkt déi lokal Klimapolitik

Wéi ënnerstëtzt SIGINOVA d’Gemenge bei der Ëmsetzung vum Pacte Climat 2.0?

D’Gesetz vum Pacte Climat 2.0 gouf den 9. Juni gestëmmt. D’Gemenge kréien an der neier Versioun nach méi Méiglechkeeten an Ënnerstëtzung fir hir lokal Klimapolitik effizient ëmzesetzen. D’Mesurë sinn thematesch méi breet opgestallt an och d’Berodung duerch d’Klimaberoder gëtt méi spezifesch a verstäerkt.

De SIGI huet a Kollaboratioun mam Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable a myenergy, am SIGINOVA eng inter-administrativ Plattform fir de Pacte Climat 2.0 entwéckelt. Dës ënnerstëtzt d’Gemengen optimal bei der operativer a lokaler Ëmsetzung vum neie Klimapakt

Zu de groussen Neierunge vum Pacte Climat 2.0 an der Roll vum Klimaberoder, de Bruno Barboni vu myenergy:

Fir d’Gemenge bidden sech mam Service Pacte Climat 2.0 am SIGINOVA eng Rei Virdeeler:

  • Duerch d’SIGINOVA Plattform ginn d’Donnéeën zentraliséiert an optimiséiert an d’Gemengen erhale quantitativ Resultater
  • Déi 12 Indicateuren am SIGINOVA erméiglechen e bessere Suivi vun de Mesuren am Pacte Climat 2.0, mat deenen de Gemengevertrieder eng transparent Iwwersiicht zur Verfügung steet an eng effizient Zilsetzung erlaabt gëtt
  • Individuell Tëscheresultater, erlaben et, den Impakt vun de kommunale Mesurë lokal ze moossen, ze evaluéieren an unzepassen
  • D’Gemenge kënnen déi spezifesch Klimaberoder direkt am SIGINOVA reservéieren, mat engem iwwersiichtleche Suivi vun de geleeschte Prestatiounen
  • Den ergonomeschen an intuitiven Design vun der SIGINOVA Plattform ënnerstëtzt d’Gemenge bei der einfacher an iwwersiichtlecher Handhabung

Zousätzlech zum EnerCoach ginn extern Donnéeë vu myenergy an de Gemengen, zum Beispill zu der Notzung vu Fotovoltaik oder dem Waasserverbrauch vu private Stéit op der SIGINOVA Plattform zentraliséiert. Esou sinn déi generéiert Resultater am Pacte Climat 2.0 qualitativ a méi spezifesch. Lokal Entscheedunge kënnen unhand vun dësen Donnéeë gezilt un d’Besoinen ugepasst ginn an d’Autonomie vun de Gemenge stäerken.