Accueil - Méi Onofhängegkeet bei de Lizenzkäschten

Méi Onofhängegkeet bei de Lizenzkäschten

Am Alldag schaffen déi meeschten Administratioune mat Programmer, fir déi si musse Lizenzkäschte bezuelen. De SIGI huet sech zum Zil gesat, seng Membere méi onofhängeg vu Lizenzen an domadder vun enger onberechenbarer Präisentwécklung ze maachen.

E weesentlechen Deel vum SIGI sengem Budget, an domadder vun de Cotisatiounen vu senge Memberen, betrëfft d’Ausgabe fir Lizenze vu groussen US-amerikaneschen Entreprise, wéi Microsoft an Oracle. Esou Lizenzkontrakter bedeiten net nëmmen eng Ofhängegkeet wat d’Funktionalitéiten an d’Qualitéit vun de Programmer ugeet, mä och vun enger willkürlecher Präispolitik vun dësen Entreprisen.

D’Lizenze betreffen nieft de Programmer, déi d’Notzer aus de Gemengen am Alldag benotzen (Word, Excel, Powerpoint a.s.w.) och Solutiounen, déi am Hannergrond lafen, an déi wichteg si fir de Fonctionnement vun Datebanken oder vu verschiddene Servicer.

Well sech d’Käschten an de leschte Jore staark no uewen entwéckelt hunn, a well d’Ofhängegkeet vun de Software-Editeuren och ëmmer méi grouss ginn ass, huet d’Direktioun vum SIGI dem Comité virun 2 Joer proposéiert, fir op eng open source-Strategie ze setzen.

Dëst bedeit, dass bei der Entwécklung vun neie Léisungen drop verzicht gëtt, Programmer oder eenzel Funktionalitéiten ze benotzen, fir déi musse Lizenzkäschte bezuelt ginn. 

Fir SIGINOVA, dem Nofollger vum Gescom, huet de SIGI d’Entwécklung vun der Software selwer mat den eegene Mataarbechter duerchgefouert. Och déi graphesch Interface gouf duerch eis Spezialisten ausgeschafft.

Bei anere Solutiounen, wéi SIGIdrive, SIGI Rooms a bei der Entwécklung vun den Internetsitten baséiert de SIGI sech op bestoend open source Léisungen, déi de Besoine vun de Gemenge kënnen ugepasst ginn.

All Gemeng ka fir sech selwer entscheeden, mat wéi enge Solutiounen si schaffe wëll. De SIGI begleet si op hirem Wee, mam Zil, eng effikass an effizient informatesch Gestioun vun hire Prozesser ze garantéieren.