Accueil - Nei App sms2citizen

Nei App sms2citizen

Rapiditéit, Benotzerfrëndlechkeet an Disponibilitéit – dorop kënnt et hautdesdaags bei deenen neien Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië un. Egal ob Dir grad ënnerwee oder um Büro sidd: Schéckt Äre Bierger cibléiert SMSe vun der Gemeng mat sms2citizen.

Bleift mat Äre Bierger am Kontakt, egal wou Dir grad sidd !

Historique vum sms2citizen

Den sms2citizen gouf 2009 lancéiert. Dëse Service gëtt Iech d’Méiglechkeet, de Bierger vun Ärer Gemeng all wëssenswäert Informatioune per SMS zouzeschécken. Säit et den sms2citizen gëtt, si méi wéi 3 Millioune SMSen un déi ronn 95 000 Abonnente geschéckt ginn. De Bierger ka sech um Site sms2citizen.lu fir dëse Service umellen an dobäi seng Sujeten an Informatiounsgruppen auswielen, wéi z.B. geplangten Evenementer, Kultur, Sport, Veräinsliewen, Trafic-Info, Aarbechten an der Gemeng, Ënnerbriechunge vu Gemengeservicer, Wiederwarnungen, Schoulen, asw.

Dëse benotzerfrëndlechen an nëtzleche Service, dee fir d’Gemeng mat wéineg Käschte verbonnen ass, huet sech ëmmer weiderentwéckelt. Dofir gëtt et elo och fir déi gewielte Vertrieder an d’Mataarbechter vun de Gemengen déi nei mobil App sms2citizen, déi einfach am AppStore an op Google Play kann erofgeluede ginn. Domat kënnt Dir Messagen un Är Bierger vun iwwerall vun Ärem Smartphone aus verschécken a sidd net méi un Äre Schreifdësch gebonnen. Eng mobil Solutioun fir d’Bierger, wou et och méiglech ass, aner Diffusionskanäl, virun allem och déi sozial Netzwierker, ze notzen, wäert mëttelfristeg nach derbäikommen.

D’Plus-valuë vun der App

  • Schnellen an einfache Start a Fonctionnement vun der App
  • SMSe mat personaliséierter Expediteursadress vun der Gemeng, déi mobil vun iwwerall kënne verschéckt ginn
  • Cibléiert Messagen, déi direkt ukommen
  • No beim Bierger
  • Authentesch Informatiounen

De SIGI bitt och nach een anere Produit un, nämlech Mellt et, deen all Bierger d’Méiglechkeet gëtt, fir sech op eng einfach Manéier mat senger Gemeng auszetauschen a sou direkt un engem besseren Zesummeliewe matzeschaffen.

Kennt Dir de Service Mellt et?

  • Bei engem Problem oder Virfall am ëffentleche Raum kënnen d’Awunner vun der Gemeng dat direkt op dem Internetsite vun der Gemeng matdeelen.
  • Et muss een sech net am Viraus aschreiwen.
  • D’Sujeten an d’Kategorië gi vun der Gemeng am Virfeld festgeluecht: z.B. Spillplazen, doudeg Déieren, Stroosseschied, Verschiddenes, Offall, Beliichtung, Gréngzonen, Stroosseluuchten, Graffiti, Vëlosweeër, Stationéieren.

Kontakt

 

Wier dës Léisung och fir Är Gemeng interessant?

Dann zéckt net, fir eise Kompetenzzenter Relations citoyens ze kontaktéiere fir weider Informatiounen ze kréien a fir e Rendez-vous ze fixéieren.

Kontakt: Robi RIES, Centre de Compétences Relations citoyens

Mail: robert.ries@sigi.lu Tel: +352 35 00 99-1