Accueil - Nächst Generatioun vun Internetsitte fir d‘Kommunikatioun mat äre Bierger

Nächst Generatioun vun Internetsitte fir d‘Kommunikatioun mat äre Bierger

Fir d’Gemenge gëtt et ëmmer méi wichteg, dass si op eng modern an effikass Manéier mat hire Bierger kommunikéiere kënnen. Fir si dobäi ze ënnerstëtze wäert de SIGI nächst Joer eng ganz Rei vun neie Produiten ubidden.

De SIGI proposéiert iech nächst Joer eng Offer fir d’Kreatioun vun der nächster Generatioun vun Internetsitte fir d’Gemengen op Basis vu WordPress. De Site vun ärer Gemeng ass är Visittekaart an dofir lee mir besonnesch vill Wäert op de „Look & Feel“, déi optesch Präsentatioun, déi an engem modernen a flexibelen Design gemaach gëtt. Zousätzlech gi och eng ganz Rei vun neien an innovative Funktioune mat integréiert a mir këmmeren eis natierlech och zesumme mat iech em d’Migratioun vun deene bestoenden Internetsitten.

Schonn en Drëttel vun den Internetsitte weltwäit schafft mat dem Content-Management-System vu WordPress, eng open source Léisung déi eng ganz Rei vu Virdeeler bitt:

 

  •  Eng schnell an einfach Installatioun:
  •  E modernen an innovativen Design;
  •  En ergonomeschen a modulären Opbau duerch deen d’Benotzerfrëndlechkeet verbessert gëtt;
  •  Eng flexibel Upassung un déi spezifesch Besoine vun Ärer Administratioun;
  •  Verknüpfunge mat deem neie Gescom

 

An enger zweeter Phase komplettéieren an erweidere mir eis Offer fir är Kommunikatioun mam Bierger a bidden iech eng mobil App un.

Dës nei Strategie vum SIGI am Zesummenhang mat den Internetsitte vun de Gemenge steet och am Zeeche vun der Ëmsetzung vum „Règlement Général sur la Protection des Données“ an deem neie Gesetz vum 28. Mee 2019, wou et ëm den Zougrëff op Internetsitten a mobil Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur geet.

An deem Zesummenhank sief och nach eng Kéier ernimmt, dass de SIGI schonn eng mobil App ubitt fir d’Kommunikatioun mat de Bierger am Kader vun sms2citizen ze geréieren.

Wann Är Gemeng driwwer nodenkt, an nächster Zäit hir Webpresenz ze moderniséieren, dann adresséiert Iech w.e.g. direkt un de Robi Ries (robert.ries@sigi.lu).