Accueil - Pilotprojet – Gestioun vun de Kautiounen

Pilotprojet – Gestioun vun de Kautiounen

D’Gestioun vun de Kautiounen, déi z.B. bei Baugeneemegungen ufalen, bei der Locatioun vu Säll oder och bei Poubellen, ass fir all d’Gemengen eng komplizéiert Affär. Duerfir huet de SIGI speziell fir dee Besoin eng Solutioun entwéckelt: Gestion des Cautions

De Pilotprojet zu Käerjeng

Am Oktober 2018 ass d‘Gemeng Käerjeng un de SIGI erugetrueden, fir eng besser Léisung fir d’Gestioun vun hire Kautiounen ze fannen. Mat méi wéi 150 Kautiounen, déi d’Gemeng all Joer ze geréieren huet, war et néideg, eng besser Traçabilitéit vun de Kautiounen iwwert eng Rei vun Rechnungsjoren ze assuréieren.

De Kick-off vun dësem Pilotprojet Gestion des cautions war den 30. November 2018. Dës Applikatioun ass am Kader vum Iwwerschaffe vum GESCOM konzipéiert ginn.

Gestion des cautions– wat bréngt déi Solutioun an der Praxis?

Am Prinzip ass et jo sou, dass de Montant vun enger Rechnung sech ëmmer op e Budgetsartikel bezéie muss an deementspriechend och Deel vum Budget ass. Et ginn e puer Gemengen déi nom Prinzip virginn, dass d’Kautioune facturéiert ginn. Si benotzen also hir üblech Fakturéierungsinstrumenter fir eng Rechnung auszestellen déi dann an hirer Comptabilitéit verbucht gëtt an op déi Manéier gëtt d’Situatioun regulariséiert. Mee dat bedeit awer och en zousätzlechen Aarbechtsopwand.

Gestion des cautions ass entwéckelt gi fir deen heefege Problem mam Verbuche vun de Kautiounen an de Grëff ze kréien. Normalerweis sollen d’Kautiounen op engem Niewekont verbucht ginn, well déi Sue jo net der Gemeng gehéieren, mee nëmmen zäitweis op engem bestëmmte Kont verbleiwen, ouni dass se am Budget erfaasst ginn.

Mat dëser neier Solutioun fir d’Kautiounen ze geréiere wëll de SIGI dës zwou Methode matenee verbannen. Et ass also méiglech, eng Kautioun anzedroen an eng Rechnung auszestellen, d.h. e Beleeg fir de Bierger auszestellen, an an engems e Lien bei d’Buchung am Journal auxiliaire ze schafen.

De Suivi vun de Facture gëtt domat e gutt Stéck méi einfach, an d’Gemenge si konform mat de Virschrëfte vum Inneministère.

Entdeckt hei de Video-Témoignage mam Receveur vun der Gemeng Käerjeng, dem Gilbert Haag.

 

Wier Gestion des cautions och fir Är Gemeng interessant? Dann zéckt net, fir eise Kompetenzzenter Comptabilité ze kontaktéiere fir weider Informatiounen ze kréien a fir e Rendez-vous ze fixéieren.

Kontakt: Tom RECKEN, Lead Métier Kompetenzzenter Comptabilité

Mail: tom.recken@sigi.lu Tel: +352 35 00 99-1