Accueil - Service à la demande

Service à la demande

Wousst Dir schonn dass de SIGI Iech bei der Dematerialisatioun vun Ären Donnéeën eng ganz praktesch Hëllef ubitt ? De SIGI ënnerstëtzt Är Gemeng wann et drëms geet, hir Donnéeë séier a fiabel digital ze erfaassen.

Dir géift als Gemeng gären ufänken, Äre Kierfecht mat der Applikatioun Cimetières ze geréieren, mee hutt net genuch Zäit a Leit, fir déi historesch Donnéeën anzeginn? 

Oder d’Baugeneemegungen an d’PAG- an d’PAP-Reglementer mat deenen néidege Verknëppungen digitaliséieren a bei där Geleeënheet dann och gläich de Bauteregëster op den neiste Stand bréngen?

Braucht dir punktuell Hëllef bei administrativen Aarbechte wei der Verifikatioun vun Donnéeën, dem Scanning vun Dokumenter, der Saisie oder Kontroll vun Donnéeën an enger Datebank oder wann et drëms geet, Fotoen ze maache fir an de Registre des immeubles?

Dann ass de « Service à la demande » vum SIGI genee dat Richtegt fir Iech!

Ee Mataarbechter vun eis kënnt an Är Gemeng an iwwerhëlt do déi Aarbechten, déi néideg si fir z.B. Är Daten ze dematerialiséieren, respektiv ze digitaliséieren. Dobäi gëtt dann och direkt séchergestallt, dass déi original Donnéeën am Pabeierformat korrekt an de Programm iwwerdroe gi fir dass si herno och optimal genotzt kënne ginn.

Eis Mataarbechter schwätzen sech dobäi och mat alle concernéierte Gemengeservicer of, wéi z.B. dem Service Technique, well déi relevant Donnéeë jo dacks op verschiddene Plaze stockéiert sinn a musse regroupéiert gi fir e kompletten Datesaz zesummenzestellen.

Eise « Service à la demande » kënnt Dir fir all Applikatiounen, déi vum SIGI offréiert ginn ufroen. De SIGI offréiert dëse Service géint Verrechnung op Basis vun enger Offer.

Wann Dir interesséiert sidd, mellt Iech w.e.g. beim Zina Menhal per Mail op zina.menhal@ext.sigi.lu oder iwwer Telefon 350099-258.