Accueil - SIGI Faces – Christian Neyen

SIGI Faces – Christian Neyen

An dëser Editioun stelle mir Iech eise laangjärege Mataarbechter, de Christian Neyen vir. Hien ass Analyste-Coordinateur am Centre de compétences Office des citoyens / Chèque Service Accueil.

Christian, kanns du eis eppes iwwer deng Ausbildung an deng Aufgabe beim SIGI erzielen?

No menger Première hunn ech en „Diplôme universitaire technique“ an der Informatik gemaach, deemools nach um Centre universitaire. Kuerz duerno, am August 2003, hunn ech beim SIGI als „Analyste-Développeur“ ugefaangen.

Deemools war d’Réécriture vum Gescom am Gaang, an ech hu mech ëm de Volet „Populatioun an Etat Civil“ gekëmmert: Analysen, Maquetten, d’Definitioun vun den Datebanken, d’Koordinatioun mat den Entwéckler a mam Support.

Duerno ass de Projet „Chèque Service-Accueil“ derbäi komm, an ech hunn nach weiderhin bei der Populatioun ausgehollef, zum Beispill am Virfeld vun de Walen.

Säit Enn 2018 schaffen ech parallel och un der Rééecriture vun der Populatioun am SIGINOVA, wou ech haaptsächlech Analysen an de Scripting maachen.

Eng weider Missioun ass d’Koordinatioun vun eisem Kompetenzzenter.

Wat gefält der un denger Aarbecht ?

Wat mir immens gutt gefält ass d’Ofwiesslung. Am Beräich vun der Populatioun ginn et zum Beispill oft Ännerungen am legale Kader, déi en direkten Impakt op eis Programmer hunn. Donieft kënnt déi technesch Evolutioun, mat den neie Programméiersproochen, wéi elo am SIGINOVA.

Wat sinn déi besonnesch Erausfuerderunge bei denger Missioun?

Fir mech perséinlech ass et den Éiergäiz, fir eisen Notzer e Programm ze liwweren, dee wierklech gutt ass, an deen allen Qualitéitscritèrë gerecht gëtt. Ech muss selwer dermat zefridde sinn, éier mir de Client domat schaffe loossen.

A wat méchs du an denger Fräizäit?

Sport ass mäi Liewen. Ech spille säit ech kleng si Fussball a sinn och Jugendtrainer am Veräi bei eis am Duerf. Zënter e puer Joer sinn dann och de Vëlo an d’Lafen derbäi komm an ech viséieren elo geschwënn en Triathlon un.

De Recht vun der Zäit verbréngen ech ganz gär mat menger Famill.