Accueil - SIGI Faces – Paul Schmit

SIGI Faces – Paul Schmit

An dëser Editioun stelle mir Iech de Paul Schmit vir, Lead vum Centre de compétences Office des citoyens / Chèque Service Accueil.

Kanns Du eis kuerz Deng Ausbildung an Däi professionelle Parcours beschreiwen? Wat sinn Deng Aufgabe beim SIGI?

No mengem Schoulofschloss sinn ech quasi direkt beim SIGI gelant. Dat war am Joer 2007. Ech war zesumme mat aneren fir de Support, den Testing a d’Formatioun vum deemools „neie” Gescom 2.2 zoustänneg. Mir hu ganz vill Visitten an de Gemenge gemaach, fir den neie Programm virzestellen a mir hunn hannendrun de Support assuréiert. Esou hunn ech vill Leit an de Verwaltunge kenne geleiert.

Am Laf vun der Zäit hunn ech mech ëmmer méi a Sujete wéi Populatioun, Etat Civil oder d’Walen erageschafft, a wéi de SIGI sech méi no de Gemengemétiers strukturéiert huet, ass dat souzesoe meng Spezialitéit ginn.

Haut sinn ech Lead vum Kompetenzzenter Offices des citoyens / Chèque Service Accueil a meng Aufgabe leien haut haaptsächlech an der Koordinatioun mat eise Partner beim Staat (CTIE, verschidde Ministèren) an och an der Animatioun vun den Aarbechtsgruppen an de Kommissioune mat de Gemengen. 

Wat gefält Der un Denger Aarbecht an un Denger Missioun beim SIGI?

Als Kompetenzzenter hu mir vill Fräiheete fir Entscheedungen ze huelen, wat et eis erlaabt,Projete séier a flexibel virunzebréngen. An natierlech gefält mir den Austausch mat de Gemengen an den Acteure beim Staat, wat ech quasi vun Ufank un gemaach hunn. Och d’Betreiung vu menger Equipe mécht mir vill Spaass. 

Wat sinn déi besonnesch Erausfuerderunge bei Denger Aarbecht beim SIGI?

Ee vun de spannende Punkten ass, dass mir oft mussen Delaien anhalen, déi vu legaler Säit virgeschriwwe ginn an op déi mir selwer keen Afloss hunn. Sou zum Beispill bei de Walen, oder wa Changementer kommen, wéi de Mariage homosexuell. Do mussen eis Solutioune prett sinn, fir et de Gemengen ze erlaben, hire Bierger en optimale Service unzebidden. Dat verlaangt vun eis eng gutt intern Ofstëmmung mat deenen anere Kompetenzzenteren, mat eiser Direktioun an natierlech mat de Gemengen. 

A wat méchs Du an Denger Fräizäit? Wat sinn Deng Hobbyen?

Als Papp vun 3 klenge Kanner bleift net méi immens vill Zäit fir Hobbyen. Ech sinn awer engagéiert an der Elterevereenegung an der Schoul vu menge Kanner. Mir organiséiere para-schoulesch Aktivitéite fir d’Kanner an huelen esou och aktiv um soziale Liewen an eiser Gemeng Deel.