Accueil - SIGIFACES Christian Fischer
Uncategorized

SIGIFACES Christian Fischer

Mir stellen Iech dës Kéier de Christian Fischer, Lead Métier vum Centre de compétences Aménagement du territoire / Offices sociaux vir.

Christian, kanns du eis däi professionelle Parcours beschreiwen, deen dech bei de SIGI bruecht huet? Wat sinn deng Aufgabe beim SIGI?

Als staatlech gepréiften Drocktechniker, hunn ech als Typograph beim Grupp „Saint-Paul“ geschafft. Duerno war ech Consultant am Beräich vun der Administration publique. Deemools hunn ech fir de SIGI um Projet „Plan pluriannuel financier“ fir 20 Gemenge matgeschafft, wou ech de SIGI selwer, awer och seng Clientë kennegeléiert hunn. Haut sinn ech Lead Métier vum Kompetenzzenter „Aménagement du territoire / Offices sociaux”. Zesumme mat der Equippe vum CdC stelle mer eise Clienten am Beräich vun der Gestion du patrimoine an den Offices sociaux, Léisungen a Servicer zur Verfügung, déi si bei hiren Aufgaben ënnerstëtzen. Ënnert anerem organiséiere mir och spezifesch Formatiounen, zum Beispill zu néie Reglementatiounen.

Wat gefält der un denger Aarbecht an un denger Aufgab beim SIGI?

Mir gefält besonnesch de ganz enken a gudde Kontakt mat eise Gemengen! Déi Relatiounen, déi een do kann opbaue, sinn immens wichteg fir kënnen eis Aarbecht ze maachen. Beim SIGI schaffe mer all zesumme fir de kommunale Secteur an doduerch entsti Synergien, déi mer am Déngscht vun all eise Clientë kënnen notzen. De SIGI huet eng kloer Visioun, déi et eis erméiglecht, esou innovativ Projete wéi de SIGINOVA ze realiséieren. An ech si frou, en Deel dovu kënnen ze sinn.

Ginn et besonnesch Erausfuerderunge bei denger Aarbecht beim SIGI?

Am Ablack ass dëst de Wiessel vum Gescom op SIGINOVA: D’Erausfuerderung besteet doran, de Gemengen déi nei Aart a Weis ze schaffen an an Aktivitéiten ze denken, méi no ze bréngen. Hei handelt et sech jo ëm e Workflow-baséierten Denkprozess, an do ass et wichteg, dass mer de Secteur gutt kenne fir kënne spezifesch Froen nozevollzéien an duerno richteg ëmzesetzen. Eng gutt Kollaboratioun an eng transparent Kommunikatioun mat de Gemengen ass hei essentiell.

Du hues och en ganz spannenden Hobby. Kanns de eis en bëssen doriwwer erzielen?

Ech si passionéierten Dronepilot. Heibäi handelt et sech awer net ëm déi handelsüblech Dronen, mä em First Person View Dronen. Bei dëse steiert een de Vol duerch e spezielle Brëll an huet esou d’Gefill, selwer ze fléien. Dëst ass schonn e ganz speziellt a flott Gefill. Ech si Vize-President vum FPVnation -Lëtzebuerg Club, deen ënnert anerem Coursse mat Dronen organiséiert, bei deenen et drëm geet, e Parcours ze fléien an dëst esou prezis a séier wei méiglech.