Accueil - SIGIfaces – Patty Ney

SIGIfaces – Patty Ney

An eiser Serie SIGIfaces stelle mir dës Kéier d’Patty Ney aus dem Centre de Compétences Gouvernance vir. Hatt gëtt eis en Abléck a seng Aarbecht.

Patty, kanns Du eis kuerz Däi Parcours beschreiwen éiers Du bei de SIGI komm bass? Wat fir eng Aufgaben iwwerhëls Du beim SIGI?

No menger Première sinn ech an d’Belsch gaange fir ze studéieren. Ech hu Commerce a Marketing studéiert an en Ofschloss am Management gemaach.

Berufflech hunn ech virun allem am Beräich Compta a Finanzen, mee och am Management geschafft. No enger gewëssener Zäit sinn ech dunn an d’Immobiliebranche gewiesselt, wou ech och mat Assurancen ze dinn hat. Ech hunn am Laf vu menger professioneller Carrière a groussen an a klengen Entitéite geschafft a wat mech bei de SIGI bruecht huet, war d’Méiglechkeet, gläichzäiteg méi autonom, mee awer och am Team ze schaffen.

Firwat schaffs du gäre beim SIGI? Wat gefält Dir am beschte bei Denger Aufgab hei?

Ech schaffen am Centre de compétences Gouvernance an do geet et drëms, dass mir de Gemenge bei Finanzfroen eng Begleedung op Mooss ubidden. Dat gesäit da praktesch sou aus, dass mir op Ufro vum Schäfferot an d’Gemenge ginn. Mat Hëllef vun eisen „Outils financiers“ kucke mir da mat hinnen zesumme fir eis en Iwwerbléck ze schafen an hinne mat eise Simulatiounen an Expertisen ze hëllefen, déi fir d’Gemeng adequat Decisioun ze treffen. Mir hunn eng flott Ambiance a schaffe gutt als Team zesummen.

Mee wat mir perséinlech och nach ganz gutt gefält, ass dass ee vill verschidde Kontakter an de Gemengen huet a sech drop konzentréiert, eng Léisung fir de jeeweils individuelle Besoin auszeschaffen. Et ass déi Villfältegkeet vu menger Aarbecht déi ech appreciéieren. Et gëtt ni langweileg.

A wat sinn déi besonnesch Erausfuerderunge bei Denger Aarbecht beim SIGI?

Dat wat mir am meeschte Spaass mécht u menger Aufgab ass an engems och dee gréissten Defi. Et geet drëms, op all Client individuell anzegoen. Seng Besoinen ze erkennen, seng Ausgangssituatioun korrekt ze analyséieren an dann déi Donnéeën zur Verfügung ze stellen, déi d’Gemeng brauch fir zukunftsorientéiert Entscheedunge kënnen ze treffen.

A wéi gesäit et mat Fräizäit, mat Hobbye bei Dir aus?

Ech sin frou fir all Zäit déi ech mat menger Famill ka verbréngen. An da sinn ech och nach bei de Scouten als Formatrice fir nei Cheffen aktiv. Dat ass eng ganz flott Aufgab, well duerch de Scoutissem d’Kanner an déi Jonk Kompetenze fir d’Liewe léieren.

Ausserdeem verbréngen ech vill Zäit an der Natur an ech reese gären.