SIGIfaces – Portrait Tom Recken

4 Froen un de Tom Recken, Lead Métier vum Centre de Compétences Comptabilité

Tom, Du waars jo praktesch predestinéiert fir eng Carrière beim SIGI ?

Ma ech hu mech schonn als Student fir Informatik interesséiert an an eiser Gemeng am Norde Bureautiques-Course ginn an d’Internetstuff gemanagt.

Wéi ech dunn e puer Joer hannerteneen e Vakanzenjob bei der Gemeng Hengescht hat an do sollt Lëschte fir d’Schoulorganisatioun an de Cimetière aginn, hat ech d’Iddi eng Datebank an MS Access unzeleeën, fir deen Aarbechtsoflaf ze optimiséieren. Dat Joer drop hunn ech dunn d’Donnéeën aus dem GESCOM importéiert. Dat war dann och mäin éischte Kontakt mam SIGI.

Ech mengen dass d’Informatik de Gemengen d’Liewe vereinfache kann, an dofir hunn ech mech fir eng Carrière beim SIGI interesséiert. Ech hunn no der 13ième eng Kandidatur gemaach an am Summer 2002 am Support Client ugefaangen. Den Challenge war do, fir mech a ganz nei Beräicher, wéi Formatioun a Comptabilitéit eranzeschaffen, mee mat der Ënnerstëtzung vun der Equipe an enger zolitter Dosis “Learning by Doing” war dat kee Problem. Ech hat och d’Chance u ville groussen an interessante Projete matschaffen ze kënnen, wéi d’Chèques Services, d’Offices sociaux an d’Fusiounen, a mat der Zäit hunn ech och ëmmer méi Managementaufgaben iwwerholl.

An 2014 ass du dem SIGI seng Antenn am Norden opgemaach ginn an ech hunn déi Aufgab zesumme mam Liliana Trausch-Palacios iwwerholl.

Wat gefält Dir besonnesch un Denger Aarbecht beim SIGI?

Fir d’Gemengen am Norden ass déi Proximitéit, déi de SIGI hinnen hei ubitt ganz wichteg. A fir mech ass natierlech de kuerze Wee op d’Aarbecht bei de SIGI Nord e grousse Virdeel.

Mee wat mech virun allem begeeschtert, dat ass, dass ech beim SIGI d’Geleeënheet kréien, ëmmer erëm nei Projeten ze begleeden, vill am Kontakt mat de Leit um Terrain ze sinn, mee och Renconteren an Echangen um héijen Niveau ze hunn, fir Léisungen auszeschaffen, déi vun nationaler Envergure sinn. An et gëtt ni langweileg bei menger Aarbecht. Keen Dag ass wéi deen aneren a wann s De mengs, du häss schonn alles gesinn, da kënnt nees eppes Aneschtes.

Jo, den Challenge deen Deng Aarbecht mat sech bréngt ass fir Dech och Motivatioun, oder?

Jo natierlech, et ginn ëmmer nei Gesetzer, nei Reglementer nei Techniken a keng virgefäerdegt Léisungen. Digitalisatioun bedeit dass d’Solutiounen stänneg un d’Evolutioun ugepasst musse ginn. Et muss een dacks selwer e Wee fannen an dobäi ëmmer am Dialog mat deene concernéierte Leit bleiwen. Op déi Manéier kann een da kloer, strukturéiert a benotzerfrëndlech Léisungen ausschaffen, déi eise Clientë wierklech weiderhëllefen. An déi Erausfuerderung ass ëmmer erëm spannend.

A wat mécht den Tom, wann hien net fir de SIGI ënnerwee ass?

Als Kontrastprogramm spillen ech zwee Instrumenter, Bügel an Trompett, an ech si ganz engagéiert am Museksveräin, der Hengeschter Musek. Ausserdeem sangen ech an engem Gospelchouer. Ech verbréngen och gären Zäit mat menger Famill, mir hunn dräi Kanner an en Hond a sinn alleguer ganz aktiv, dofir bleift am Ament manner Zäit fir meng Hobbyen Theaterspillen a Judo.