De Begrëff Design kënnt ursprénglech aus der Konscht an der Architektur, an tatsächlech ass d’Trennung tëscht Design a Konscht relativ onkloer. Et gëtt gesot, e Kënschtler designt fir sech selwer. Hien experimentéiert, wëll mat senge Wierker eppes aussoen a se genéissen. Designer awer schaffe fir anerer. Si hunn e kloert Zil virun den Aen: D’Besoinen an d’Erwaardunge vun den Notzer un e Produit oder e Service erfëllen.

Ech géif soen, en Design schaaft e bessert Zesummespill tëscht der Technologie an de Leit.

Dëst Zesummespill ass d’Grondlag vun der digitaler Transformatioun a geet iwwer d’Digitalisatioun vu Produiten eraus. Déi digital Transformatioun ëmfaasst déi gesamt Geschäftsprozedur mat all den Acteuren, a steet fir de Redesign an enger End-to-End-Approche. A genee hei kënnt den Design vun der User experience (UX) an d’Spill: Produite schafen, déi eng bedeitend Notzererfarung ubidden.

Am private Secteur gëtt UX-Design scho laang als wichtege Katalysator fir d’Satisfaktioun vun de Clienten, Loyalitéit a Firmebranding ugesinn. Elo fënnt en och lues a lues de Wee an den ëffentleche Secteur an ëmmer méi Administratioune wëllen d’Notzererfarung vun hire Clientë verbesseren.

Gudden UX-Design fänkt mat der Analys an der Gestaltung vu follgenden Aspekter un: Verhalensfloss, Benotzerfrëndlechkeet, Umellungsversich, verbruechten Zäit virun engem bestëmmte Bildschierm/Prozess, asw. Kuerz gesot: Déi gesamt Notzererfarung vun engem Produit setzt sech zesummen aus de méi klengen Erfarungen. D’Zil ass et, den Notzer zu all Moment eng gutt Erfarung duerch schnellen an einfachen Zougang op d’Servicer unzebidden, onofhängeg dovunner, wou se sinn. Gläichzäiteg sollen d’Notzer wëssen, dass hir Interactioune sécher sinn. Wärend dëser Analys muss den Designer sech an d’Roll vum Endnotzer versetzen, fir deem seng Bedierfnisser a Suergen ze verstoen, fir esou seng Ziler ëmsetzen ze kënnen.

D’Ufuerderunge vum ëffentleche Secteur ënnerscheeden sech liicht vun deenen aus dem private Secteur. Nach virun e puer Joer hu mer just zwou Aarte vun Notzer berécksiichtegt: D’Gemengefonctionnairen, déi hir Flichten erfëllen, a Bierger, déi Informatiounen a Servicer sichen. Hautdesdaags sinn eng ganz Rei vun Notzer un engem digitalen Transformatiounsprozess bedeelegt: Gemengefonctionnairen, Bierger, staatlech Administratiounen an Drëttparteien, wéi z.B. Architekten an Déngschtleeschtungsubidder. Fir eng universell UX-Erfarung unzebidden, musse Geschäftsprozedure standardiséiert, zouverlässeg, reproduzéierbar a préifbar sinn. Och wann d’Zil eng optimal Notzererfarung vun de Bierger ass, sou mussen Administratioune virun allem berécksiichtegen, dass hir Mataarbechter hir Aufgabe richteg kënnen erfëllen.

Wéi de SIGI d’SIGINOVA-Plattform fir d’Gemengen zu Lëtzebuerg kreéiert huet, wosste mir, dass mir souwuel déi technesch ewéi d’UX-Ufuerderunge missten ugoen. Nëmmen esou kéinte mir eng Léisung fir den ëffentleche Secteur ubidden, déi den Notzer an de Fokus stellt, a gläichzäiteg zougänglech a Workflow-effizient ass.

Wat den Afloss op d’Produktivitéit betrëfft, si mir vum positiven Impakt vum UX iwwerzeegt, den et den Notzer erlaabt, sech op hir Aarbecht ze konzentréieren. E gudden UX-Design erméiglecht et ausserdeem, Suen an Zäit ze spueren an d’Benotze vun der Interface sollt esou onkomplizéiert sinn, dass d’Notzer wéineg Training brauchen.

E weidert Schlësselelement fir d’Entwécklung vun engem exzellenten UX-Design ass eng Design-orientéiert Denkweis. Dofir hu mir am SIGI héisch ausgebilt UX-Experte mat u Bord geholl, déi eis dobäi sollen hëllefen, eis Equipe an eng méi Client-orientéiert Denkweis ze guidéieren.

Mir hunn och ugefaangen, eis Notzer an den Entwécklungsprozess bäizezéien, andeem’s mir hir Participatioun un ënnerschiddlechen Aarbechtsgruppen encouragéiert hunn. Dëst huet staark dozou bäigedroen, datt den neien Design vun der Software ugeholl gouf. Dës Aarbechtsgruppe goufen am Hibléck op eng Methodologie entwéckelt, déi den Design an de Virdergrond stellt.. Grondelementer vun dëser Methodologie waren ënner anerem d’Recherche, d’Verstoe vun den Aufgabe vum Notzer, d’Definitioun vu Problemer, d’Brainstorme vu Léisungen, den Design vu Prototyppen an d’Tester. Agil Entwécklungsprinzipien, déi de SIGI applizéiert, ware grondleeënd fir dëse Prozess.

Haut schonn iwwerleeë mir, wéi mir eisen bestoenden UX-Design weider verbessere kënnen, andeem’s mir bewise Strategien aus der Spillindustrie testen. Gamification berécksiichtegt dem Notzer seng instinktiv Neigung zu Belounungen a Gewënn. Software kënnen dorop agoen, andeem’s se z.b. Erfolleg uweisen an doduerch e Gefill vu Leeschtung an Erfolleg vermëttelen. Dëst motivéiert den Notzer, de Service nach weider ze notzen an ze entdecken.

Kënschtlech Intelligenz an den Nudging-Konzept si weider Mëttelen, déi mir op eise kontinuéierleche Verbesserungszyklus wëllen uwenden, fir komplex Prozedure mat der Hëllef vun digitale Produiten ze vereinfachen.

Am Endeffekt geet et ëm d’Notzererfarung an d’Fro: Wéi kann ee sécherstellen dat e Produit vum Client als e Service ugesi gëtt, deen hie gäre well notzen?

English version