Accueil - AgentM: Eng nei Applikatioun fir d’Avertissements taxés
Collaboration | Projets client

AgentM: Eng nei Applikatioun fir d’Avertissements taxés

Eng inter-administrativ Applikatioun vum SIGI entwéckelt an Zesummenaarbecht mat der Police Grand-Ducale, der Stad Esch-Uelzecht a Vertrieder vun der ASAM.

Säit e puer Jore schonns benotze verschidde Gemengen déi mobil Applikatioun “Politess” fir Avertissements taxés am Kader vun Infraktioune vum Code de la Route auszestellen.

D’Kontrakter iwwer d’Benotzung vun dëser Applikatioun wäerten deemnächst auslafen. Dofir huet de SIGI an enker Zesummenaarbecht mat der Police Grand-Ducale, der Stad Esch-Uelzecht a Vertrieder vun der ASAM (Association des Agents Municipaux) aus de Gemenge Miersch, Hesper a Leideleng elo eng eegen Applikatioun entwéckelt, déi op d’Besoine vun de Gemengen an den Agents municipaux zougeschnidden ass: AgentM.

Mat dëser mobiller Applikatioun, déi fir Android-Smartphone konzipéiert gouf, kann den Agent d’Avertissement Taxés direkt um Terrain erfaassen. Iwwert eng modern an ergonomesch Benotzerinterface gëtt d’Applikatioun Zougrëff op eng Datebank. Dës erlaabt et Informatioune wei z.B. Autosmodeller direkt aus enger Lëscht ze wielen.

An der Gemeng, an där den Agent aktiv ass, stinn him Donnéeën zu de Stroosse vum Gemengenterrain zur Verfügung, wat d’Ausfëlle vun den Avertissement Taxés vereinfacht. Iwwert eng Bluetooth Verbindung kënnen d’Avertissement Taxés direkt mat enger mobiller Imprimante gedréckt ginn.

Déi erfaassten Donnéeë ginn iwwert eng geséchert Verbindung an de Produit “Avertissements taxés” op d’SIGINOVA Plattform iwwermëttelt. Déi kumuléiert Donnéeë ginn iwwert den Backend all Nuecht op den CTIE transferéiert.

De Steve Hatto, Präsident vun der ASAM an Agent municipal an der Gemeng Miersch, war aktiv un der Entwécklung vun der Applikatioun AgentM agebonnen. A sengem Temoignage gi mer méi zu der Entwécklung vun der Applikatioun an hire Virdeeler gewuer.