Accueil - Digital Fournisseursrechnungen

Digital Fournisseursrechnungen

D’Gemengen zu Lëtzebuerg traitéieren all Joer ca. 733.000 Fournisseursrechnungen. Fir dee groussen Aarbechtsopwand reduzéieren ze kënne proposéiert de SIGI eng Solutioun mat där d’Facturen, déi erakommen, net méi geprint musse ginn. Ronn 70% vun de Gemenge schaffe scho mat deem bestehende System.

Mam Pilotprojet « Digital Fournisseursrechnungen » kënnt elo eng wichteg Weiderentwécklung. Zousätzlech zur Dematerialisatioun gëtt e reelle Workflow fir d’Veraarbechtung an d’Validatioun vun de Facturen agefouert. D’Rechnunge kommen an elektroneschem Format direkt um Computer vum zoustännege Gemengebeamten un, dee ka si da validéieren an direkt weiderginn fir dass de Paiement gemaach ka ginn.

D’Avantage sinn déi heiten :

  • De ganze Facturatiounssystem gëtt online geréiert a sämtlech Workflowe ginn optimiséiert: Encodage, Visibilitéit vun den Donnéeën, Kontroll vun de Saisien, Validatioun vun de Workflowen
  • D’Käschte fir d’Gestioun vun de Facture ginn an der Moyenne ëm 72% reduzéiert*
  • D’Gemengeservicer kënnen am Duerchschnëtt d’Hallschent vun der Zäit aspueren
  • D’Paiementer gi méi séier gemaach
  • D’Comptabilitéit vun de Gemengen ass konform mat den europäeschen Direktiven
  • Well praktesch kee Pabeier méi gebraucht gëtt ass et och eng ganz ëmweltschounend Léisung

Déi siwe Gemengen, déi um Pilotprojet deelhuelen an déi mat dem integréierte System fir d’Gestioun vun de Facture schaffe si Wäiswampech, Wolz, Miersch, Fréiseng, Ettelbréck, Esch a Suessem.

* Source: étude Université de Hasselt

EDI = Electronic Data Interchange

D’Solutioun an der Praxis

D’Gemeng Suessem huet de Projet mat initiéiert a présentéiert d’Solutioun mat deene Virdeeler déi si bitt. Am Vidéo fannt Dir en Témoignage vum Guy Ewen vum Service des finances communales vun der Gemeng Suessem.

Hutt och Dir Interessi un den digitale Fournisseursrechnungen fir Är Gemeng ? Fir weider Informatiounen a fir e Rendez-vous auszemaachen, kontaktéiert w.e.g. eise Kompetenzzenter Achats/Dépenses :

Johny NEVOA, Lead Métier Kompetenzzenter Achats/Dépenses 

Mail: johny.nevoa@sigi.lu   Tel: +352 35 00 99-1