Accueil - De SIGI lancéiert seng 2. Editioun vun der Employer Branding Campagne

De SIGI lancéiert seng 2. Editioun vun der Employer Branding Campagne

D’Evolutioun vun de Besoine vum Gemengesecteur an den Demanden déi un de SIGI gestallt gi brénge mat sech dass mir konstant no neien a kompetente Mataarbechter sichen. Dofir lancéiert de SIGI eng Employeur Branding Campagne.

Firwat lancéiert de SIGI eng Employeur Branding Campagne ?

De SIGI huet sech mat senger néier Editioun vun der Employer Branding Campagne zum Zil gesat, potentiell Talenter fir de SIGI ze begeeschteren an hiert Wëssen an den Déngscht vun de Gemengen an hire Bierger ze setzen. Am Beräich IT steet de SIGI a Konkurrenz mat villen aneren Entreprise fir déi bescht Talenter unzezéien. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, de SIGI als attraktiven Employeur virzestellen. Dozou zielt och z.B. de SIGI als eng Lëtzebuerger Administratioun ze presentéieren an der d‘Equippen a Centres de compétences an engem Esprit entrepreneurial schaffen, an dëst no enger agiller an innovativer Approche, déi den Engagement an d’Eegeninitiative fërderen.

De Slogan Global minds for local impact ass e Spigelbild vum internationalen a multikulturellen Aarbechtsëmfeld dat ee beim SIGI erëmfënnt: eng Rei Nationalitéite schaffe beim SIGI, déi all a verschiddene Rollen, am Déngscht vu 600 000 Bierger stinn.

Wou kann een déi Campagne gesinn a wat sinn déi verschidden Elementer?

Säit Ufank Mee leeft déi Campagne op de verschiddene Kommunikatiounskanäl vum SIGI, souwéi an de Lëtzebuerger Medien an Dageszeitungen. Am Kader vum Digitalisatiounsausbau vun de Gemengeprozesser sicht de SIGI och eng Rei nei Mataarbechter. Eis oppe Plaze fënnt een da wei gewinnt ob eiser Internetsäit, eise Social Media Reseauen esou wei op de Lëtzebuergesche Job-Plattformen. Duerch eng breet ugeluechte Kommunikatioun ass et méiglech e breede Public unzeschwätzen a potentiell Kandidate fir de SIGI ze begeeschteren.

Vu dass eis eege Mataarbechter am beschte kennen erzielen, wat hinnen un hirer Aarbecht am SIGI gefält, hu mir eng Rei Temoignagë produzéiert. Och am SIGI hunn mir eis den aktuellen Ëmstänn mussen upassen an dofir goufen des Videoe vun den eenzele Mataarbechter bei sech am Homeoffice opgeholl.

Op enger eegener Landingpage ob eiser Internetsäit, sigi.lu/globalminds, kann een sech déi verschidde Videoen ukucken.

Entdeckt eis Campagne: sigi.lu/globalminds