Accueil - Déi richteg Entscheedungen treffe mat Hëllef vum Cockpit

Déi richteg Entscheedungen treffe mat Hëllef vum Cockpit

Fir eng Gemeng ze féieren, beruffen sech vill Buergermeeschter a Schäffen op Zuelen a Fakten. Duerfir huet de SIGI de Cockpit entwéckelt, deen dës Informatiounen op ee Bléck liwwert.

De Schäfferot vun enger Gemeng ass stänneg mat Decisioune confrontéiert, déi en direkten Impakt op d’Gemeng a seng Bierger hunn. Fir dës wichteg Entscheedunge kennen ze huelen, mussen d’Decideuren sech kennen op Zuelen a Fakte beruffen, an dës sollen einfach zougänglech a verständlech presentéiert sinn.

Fir dësem Besoin gerecht ze ginn, huet de SIGI de Cockpit entwéckelt. De Cockpit presentéiert eng ganz Rei Informatiounen iwwer d’Gemeng a Form vun engem Dashboard: Populatioun mat der Alterspyramid, d’Situatioun vun de Compte mat den Ausgaben an de Recetten, mä awer och d‘Trésorerie oder de Stand vun de Subsiden.

Am Laf vun den nächste Woche wäerten nach weider Funktionalitéiten an de Cockpit integréiert ginn, mat engem Schwéierpunkt op de sozio-ekonomesche Facteure vun der Gemeng: zum Beispill d’Altersstruktur an d‘Variatioun vun der Populatioun mam Solde naturel a Solde migratoire.

Well de Cockpit dës Donnéeën an de Gescom siche geet, sinn dës ëmmer aktuell. De Cockpit steet dem Schäfferot direkt zur Verfügung, sou dass si déi néideg Informatiounen zu all Moment kennen opruffen.

Wéi de Cockpit elo am Alldag benotzt gëtt, a wisou hie reegelméisseg op dësen Outil zeréck gräift, erkläert de Léon Gloden, Buergermeeschter vu Gréiwemaacher an dësem Videoreportage.

 

 

Oder klickt op dëse Link fir de Video direkt op Youtube ze kucken.