Accueil - 2020- e Joer wéi keen anert

2020- e Joer wéi keen anert

De SIGI huet an senger Geschicht schonn eng ganz Rei grouss Challengë gemeeschtert, mee dëst Joer steet net manner wéi e Paradigmewiessel un.

Léif Lieserinnen a Lieser,

2020 gëtt fir de SIGI an seng 101 Membersgemengen e Joer wéi keen anert. Bei der Journée des Elus de 5. Mäerz stellt de SIGI säin neie Logiciel Made in Luxembourg vir.

Dëse System ass speziell fir d’Besoine vun de Lëtzebuerger Gemengen entwéckelt ginn. Et kann een awer mengen ech, hei ouni ze iwwerdreiwe vun engem Paradigmewiessel schwätzen, wéi déi informatesch Konzeptioun vun den Aarbechtsprozesser an de Gemengen an Zukunft gehandhaabt gëtt.

Méi kann a wëll ech elo awer nach net verroden.

Ech wëll Iech an dëser Newsletter awer och nach e puer aner nei Produiten a Solutioune virstellen, déi de SIGI Iech zur Verfügung stellt, fir Iech Är deeglech Aarbecht méi einfach ze maachen.

Do hu mir eng Kéier de Pilotprojet an der Gemeng Iechternach iwwert smart Compteuren fir Waasser a Stroum, déi iwwert eng Applikatioun an de Gescom integréiert sinn.

Dann och nach e flotten Animatiounsvideo iwwer Smart Cities, en Thema wou de SIGI Iech mat konkrete Solutiounen zur Säit steet fir Är Gemeng op dem Wee zu enger intelligenter Stad ze begleeden.

Och am Beräich Ressources Humaines bitt de SIGI eng Léisung un, fir de Verwaltungsopwand fir d’Mataarbechter an de Service RH ze vereinfachen. D’Gemeng Manternach huet bei eisem Pilotprojet „Distribution Electronique des Documents Ressources Humaines“ matgemaach.

Vill Spaass beim Entdecken a beim Liesen.

Yves Wengler

President