Accueil - Editorial Mee 2020

Editorial Mee 2020

Turbulent Woche leien hannert eis alleguerten an och déi nächst Zäit liewe mir nach ënner dem Afloss vun der Covid-19 Pandemie. Dobäi bleift d’Roll vun de Gemengen eng immens wichteg.

Léif Lieserinnen, léif Lieser,

Eis Welt ass an de leschte Méint op d’Kopp gestallt ginn an d’Erausfuerderunge fir eis alleguerten, Gemengen, Buergermeeschter, Verwaltungen an och d’Bierger waren enorm. Mir hunn zu Lëtzebuerg ganz schnell an och ganz raisonnabel op dës Kris reagéiert, an duerfir befanne mir eis elo um Wee zréck an eng gewëssen Normalitéit.

D’Roll vun de Gemenge war an ass vu grousser Wichtegkeet, wëll vill Entscheedunge vun der Regierung hu misste fir d’Bierger an d’Realitéit ëmgesat ginn, wéi zum Beispill d’Verdeele vun de Masken. Ech wëll de Kollege vum SYVICOL op dësem Wee e grousse Merci ausschwätzen fir hir wichteg Aarbecht.

Och de SIGI war an dëser Situatioun gefuerdert, fir dass d’Gemengen trotz Homeoffice a Social distancing funktionéiere konnten. Eis Mataarbechter hu kuerzfristeg eng ganz Rei Léisungen zur Verfügung gestallt, déi och gutt ugeholl a benotzt gi sinn. 

Just e puer Deeg virum Ufank vum Confinement hate mir nach d’Chance, de Lancement vum SIGINOVA ze feieren. Dës nei Léisung fir d’kommunal Gestioun huet grouss Beneficer fir d’Mataarbechter vun de Gemengen an och fir d’Bierger. An doduerch, dass Är Prozesser kënne méi schnell a méi einfach gemaach an op d’Eegestännegkeet vun Ärer Verwaltung zougeschnidde ginn, gëtt d’Autonomie vun all Gemeng ënnerstëtzt.

All Informatiounen, wéi SIGINOVA Iech hëlleft, Prozesser op Är individuell Besoinen unzepassen, fannt Dir an dëser Newsletter an op eisem Site.  De Carlo Gambucci erklärt wisou de SIGI sech fir d‘Konzept vum SIGINOVA entscheed huet.

SIGINOVA wäert elo an den nächste Méint an de Gemengen implementéiert ginn, moosgeschneidert op déi jeeweileg Verwaltung an an enker Zesummenaarbecht mat de Leit um Terrain.

Ech wënschen Iech vill Spaass beim Liese vun dëser Newsletter, a bleift gesond.

Yves Wengler, President