Accueil - Elektronesch Verdeelung vun de Lounziedelen

Elektronesch Verdeelung vun de Lounziedelen

D’Digitaliséierung vun de Verwaltungsprozeduren ass e wichtegen Thema an de SIGI ënnerstëtzt d‘Gemenge bei dëser Demarche. Wann et ëm de Lounziedel geet, da sinn d’Erausfuerderunge vun der Numerisation besonnesch komplex.

Déi elektronesch Verdeelung vu Lounziedelen huet eng ganz Rei Virdeeler: manner Käschte fir den Drock, d’Timberen an d’Archivéieren, Zäiterspuernes fir d’Leit am Personalbüro a manner Belaaschtung fir d’Ëmwelt…

Mee anerersäits ginn et och grouss Defien : bei sou sensibelen Donnéeë muss séchergestallt ginn, dass all Virschrëften agehale ginn. Et gi véier Aspekter, déi onbedéngt musse berücksichtegt gi bei engem digitale Lounziedel: e muss an engem dauerhafte Format ausgestallt ginn, fir de Salarié muss et een einfachen Zougrëff ginn, fir den Employeur muss et e Beleeg ginn, dass de Lounziedel ausgestallt ginn ass, an natierlech muss d’Vertraulechkeet garantéiert sinn.

Am Ament gëtt et dacks sou gemaach, dass d’Lounziedelen entweder op Intranet zur Verfügung gestallt oder per E-mail verschéckt ginn. Mee dobäi entstinn natierlech eng ganz Rei Problemer wat d’Vertraulechkeet an den Zougrëff ugeet.

Fir deene komplexen Erausfuerderunge vun engem digitaliséierte Lounziedel gerecht ze ginn, bitt de SIGI vum leschten Trimester 2019 un eng nei Funktionalitéit a senger Applikatioun GRH un. Mat dëser Funktionalitéit kënnen d’Lounziedelen an engem Espace mat ganz héijem Sécherheetsniveau stockéiert ginn deen der Gemengenentitéit gehéiert (en digitale Safe). Gläichzäiteg kritt all Employé – no enger staarker Authentifizéierungsetapp – Zougrëff op seng perséinlech Lounziedelen.

De Virdeel vun där neier Funktionalitéit am GRH ass dass d’Ausstellen an d’Verdeele vun de Lounziedele vollstänneg automatiséiert gëtt.  D’Gemeng spuert doduerch vill Zäit a Geld a ka méi effikass a gläichzäiteg méi ëmweltfrëndlech schaffen.

De Lounziedel ass dobäi nëmmen den Optakt. An Zukunft wäerten och sämtlech Dokumenter déi d‘Carrière vum Employé an der Gemengenentitéit betreffen op déi Manéier stockéiert an zur Verfügung gestallt ginn.

 

Wier dës Léisung och fir Är Gemeng interessant? Dann zéckt net, fir eise Kompetenzzenter Organisation communale ze kontaktéiere fir weider Informatiounen ze kréien a fir e Rendez-vous ze fixéieren.

Kontakt: support@sigi.lu oder per Telefon um 350099-444.