Accueil - SIGI Faces – Héloïse Hartman

SIGI Faces – Héloïse Hartman

Mir stellen Iech d’Héloïse Hartman vum Centre de compétences Gouvernance vir.

Héloïse, kanns Du eis kuerz Deng Ausbildung an Däi professionelle Parcours beschreiwen ?

No enger duebeler Lizenz an der Mathematik an der Ekonomie, hunn ech nach en Master an der Mathematik, mam Schwéierpunkt op Statistiken a Probabilitéitsrechnungen, gemaach. Am Kader vun dësem hunn ech en Stage vu 6 Méint beim SIGI gemaach. An no dem Ofschloss vu mengem Master, schaffen ech elo säit 2 Joer beim SIGI am Centre de compétences Gouvernance als Expert métier.

Wat sinn Deng Missioune beim SIGI am Centre de compétences Gouvernance ?

D’Missioun vum Centre de compétences Gouvernance läit an der Gestioun vun Donnéeën, déi en Afloss op déi finanziell a sozial Entwécklung an de Gemengen hunn. Mat Hëllef vu finanziellen Analyse kënne mer esou den Impakt vu Gemengendecisiounen ervirhiewen. Verschidde Solutiounen, wéi de Plan pluriannuel financier, de Cockpit oder de Benchmark communal, erlaben eis de Gemengen e performanten a komplette Suivi unzebidden.

Nieft dem Support vun de Membersgemengen, schaffe mer och un der Réécriture vum Plan pluriannuel Financier am SIGINOVA. A fir d’Eluen ginn Tableaux de bord thématiques am SIGINOVA entwéckelt, eng Solutioun déi et hinnen erméiglecht unhand vun Donnéeën, geziilt strategesch Decisioune fir hir Gemeng ze treffen.

Ginn et speziell Projeten, déi Dech bei Denger Aufgab besonnesch motivéieren ?

Jo, d’Réécriture am SIGINOVA vum Plan pluriannuel financier, esou wéi d’Entwécklung vun den Tableaux de bord thématiques stieche fir mech eraus. Hei gefält mer besonnesch den deegleche Kontakt an d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen. Am Moment si mer am Kader vun dëse Projeten an der Phase vun der Analys an der Erfaassung vun de konkrete Bedierfnesser vun de Gemengen. Hei ass den Austausch an d’Nolauschteren immens wichteg. Mat SIGINOVA hu mer d’Méiglechkeet, e Projet vun A bis Z opzebauen an existéierend Solutiounen ze verbesseren. An dëst zesumme mat de Gemengen ze maachen, motivéiert mech besonnesch.

Wat gefält Dir un Denger Aarbecht ?

Déi agil an innovativ Organisatioun am SIGI !  Duerch dës gëtt d’Kollaboratioun tëscht de Mataarbechter an den Equippen encouragéiert. Den Teamgeescht an déi géigesäiteg Hëllef motivéiert a mécht eis Aarbecht interessant. Mir schaffen all zesumme fir en gemeinsaamt Zil: optimal Solutioune fir d’Gemengen ze entwéckelen, déi och hire Bedierfnesser entspriechen.

A wat méchs Du an Denger Fräizäit ?

Säit e puer Méint hunn ech en Hond, e Shiba Inu. Doduerch verbréngen ech e groussen Deel vu menger Fräizäit mat spadséiere goen, awer och der Erzéiung. Ech wäert och de Motorradsführerschäi maachen, esou dass ech fir déi nächste Méint gutt beschäftegt wäert sinn.