Accueil - SIGIfaces- Daniel Schneck

SIGIfaces- Daniel Schneck

Dës Kéier stelle mir Iech den Daniel Schneck vum Support Level 1 vir.

Daniel, kanns Du eis kuerz Deng Ausbildung an Däi professionelle Parcours beschreiwen? Wat sinn Deng Aufgabe beim SIGI?

No mengem „Abitur“ hunn ech bei engem grousse Lëtzebuerger Telekommunikatiounsubidder a verschiddenen technesche Positioune geschafft. Wéi ech beim SIGI ugefaangen hunn, hunn ech am Ufank Support gemaach fir Macommune an och den technesche Beräich. Haut elo hunn ech eng duebel Positioun: op der enger Säit Support fir eis Clienten an op der anerer Säit den interne Support fir Technik, Hardware etc.

Firwat schaffs du gäre beim SIGI? Wat gefält Dir am beschte bei Denger Aufgab hei?

Als éischt muss ech mol soen, dass d’Aarbechtsbedingunge beim SIGI immens agreabel sinn. Wat mir gutt u menger Aufgab gefält, ass déi hybrid Positioun: op der enger Säit den direkte Kontakt mam Client, an op der anerer Säit den technesche Support fir d’Mataarbechter vum SIGI. Do muss ee reaktiv sinn, vill ausprobéieren a sech an Themen eraknéien. Dat heescht, et gëtt ni langweileg an et ass vill Ofwiesslung.

A wat sinn déi besonnesch Erausfuerderunge bei Denger Aarbecht beim SIGI?

Et gëtt all Dag eppes Neies ze erliewen. Ech däerf och all Dag eppes Neies léieren. Dat mécht Spaass, well ech huelen all Aufgab un. An ech schwätzen, als Däitschen, immens gäre lëtzebuergesch. An ech mengen dat ass och wichteg fir eis Clienten, dass si am Support eng Persoun hunn, déi hir Sprooch schwätzt.

A wat méchs Du an Denger Fräizäit? Wat sinn Deng Hobbyen?

Also mäi gréissten Hobby ass meng Famill, ech verbréngen am léifste meng Zäit mat menger Fra a mengen 2 Kanner. Heiansdo sinn ech awer och nach DJ a maache Musek op Hochzäiten oder Gebuertsdeeg. Dat huet och mat mengen Interessi un Technik ze doen, ech hu schonn a menger Studentenzäit vill Events organiséiert an och beim Radio geschafft.

Eng aner Leidenschaft, wann d’Zäit et zouléisst, sinn Detektivgeschichten. Ech léise gäre Rätsel … wat menger Aarbecht am Support natierlech zugutt kënnt.