Accueil - SIGIfaces – Johny Nevoa

SIGIfaces – Johny Nevoa

A well et ëmmer flott ass, déi Leit, mat deenen een zesumme schafft, e bësse besser kennenzeléieren, presentéiere mir Iech dës Kéier an eiser Serie SIGfaces, den Johny Nevoa, de Lead Métier vum Kompetenzzenter Achats/Dépenses

Johny, kanns Du eis eppes iwwert däi beruffleche Werdegang erzielen?

Ech hu Business Administration hei zu Lëtzebuerg an op der Uni Mannheim studéiert, eng vun deene renomméiertsten Unien an deem Beräich, an dat war eng super Experienz.

Mech huet den Aspekt Entrepreneurship schonn ëmmer passionéiert, well do aus engem Gedanken, enger renger Iddi eraus eppes Konkretes realiséiert gëtt. An et war mir och ëmmer wichteg, dass déi Projeten, déi sou entstinn, en Notze fir d’Allgemengheet hunn.

Beim SIGI hunn ech d’Méiglechkeet, dat mateneen ze verbannen. An dofir sinn ech, no e puer Joer bei enger Consulting Firma, déi op de Secteur public spezialiséiert ass, bei de SIGI gewiesselt.

Wat gefält Dir besonnesch gutt un denger Missioun beim SIGI?

Wat ech u menger Aarbecht beim SIGI appreciéieren ass d’Ofwiesslung. Grouss Gemengen, kleng Gemengen an ëmmer erëm aner Besoinen… A mat all Gemeng, Syndikat oder Office social mat deenen een zesummeschafft, kënnt och ëmmer erëm eng nei Vue vum Metier.

Fir mech ass et wichteg, Solutiounen ze fannen, déi op de jeeweilege  Besoin zougeschnidde sinn.  Mee virun allem och strategesch ze denken.

Ee gutt Beispill ass d’Digitalisatioun vun de Facturen. En éischte Schrëtt war d’Dematerialisatioun. Mee an där nächster Etapp gëtt elo de ganze Workflow optiméiert: vum Ukommen iwwert d’Validéiere bis bei d’Bezuele vun de Rechnungen. Dat spuert Zäit a Geld an et geschéie manner Feeler. An déi Donnéeë kënnen da fir e Suivi Analytique genotzt ginn, deen eng zolidd Basis fir Entscheedunge fir d’Zukunft bitt.

„De SIGI verbënnt fir mech op eng eenzegaarteg Manéier Entrepreneurship a Secteur Public »

Wat sinn déi besonnesch Erausfuerderunge vun Dengem Job ?

DDigitalisatioun a virun allem d’Rapiditéit vum Changement.

Et dierf een net nëmme matgoen, mee et muss ee Virreider sinn an dat ass de SIGI ganz kloer mat sengen Initiativen, z.B. am Beräich Blockchain (de SIGI huet zesumme mam CTIE déi weltwäit éischt ëffentlech Blockchain entwéckelt) oder an der Digitalisatioun vun de Fournisseursrechnungen.

Et dierf een net stoe bleiwen. Mir geet et drëm, schonn do ze sinn, wou déi aner eréischt wëllen hikommen!“

Wat sinn Deng Interessien, Hobbyen?

Scho säit ech 18-19 Joer al sinn, maachen ech reegelméisseg bei  Start-up Weekender mat. Do komme Leit aus deene verschiddenste Beräicher zesummen an hunn da 24 Stonnen Zäit, fir e konkrete Projet ze realiséieren. Doraus hu sech och schonn e puer flott Initiativen erginn, woubäi mir och ëmmer de Social Impact wichteg ass.

Dofir schaffen ech och mam Jugendhaus vu Stroossen zesummen, wou déi Responsabel am Gaang sinn e Projet op d’Been ze stelle fir jonke Leit de Konzept vum Entrepreneurship nozebréngen. Sou kënne si an enger oft mouvementéierter Phas vun hirem Liewe léieren, wéi ee sech Ziler setzt, eng Passioun ëmsetzt an op déi Manéier Motivatioun a Selbstvertrauen entwéckelen.

Ausserdeem sinn ech dëst Joer mäin 1. Marathon gelaf, an als Ausdauersportler ass elo mäin nächst Zil den Ironman an 2 Joer.