SIGIfaces - Zina Menhal
Zina, kanns Du eis kuerz Deng Ausbildung an Däi professionelle Parcours beschreiwen? Wat sinn Deng Aufgaben beim SIGI?
Ech hunn e Bachelor a franséischer Literatur, hunn awer vun Ufank un a menger berufflecher Carrière am Beräich Koordinatioun geschafft. Éier ech op Lëtzebuerg komm sinn hunn ech zu Mascate (Oman), Dubai (Vereenegt Arabesch Emirater) a Bagdad (Irak) geschafft. Ech hunn Erfarungen am Bankwiesen, bei der Betreiung vu Cliente kënne sammelen, mee och am kulturelle Beräich, am Kader vun engem internationale Filmfestival. Hei zu Lëtzebuerg hunn ech fir d’éischt am Beräich Migranten- a Flüchtlingsbetreiung geschafft a sinn du bei de SIGI komm, wou ech am Centre de compétences Coordination – Relations Clients mat dofir suerge fir d’Relatioun tëschent dem SIGI a senge Clienten optimal ze gestalten.
Firwat schaffs du gäre beim SIGI? Wat gefält Dir am beschte bei Denger Aufgab hei?
Déi Aufgab läit mir ganz besonnesch um Häerz, well meng Interlocuteuren d’Gemenge sinn. Wou ech 2013 op Lëtzebuerg komm sinn, sinn ech vu menger Gemeng, der Gemeng Réiden, immens gutt ënnerstëtzt ginn a krut all Informatiounen, déi ech gebraucht hu fir mech hei zu Lëtzebuerg ze installéieren an ze integréieren. Dofir freeën ech mech, dass ech elo an dëser Funktioun d’Gemenge bei hirer Aufgab, dem Bierger zur Säit ze stoen, ënnerstëtze kann.
A wat sinn déi besonnesch Erausfuerderunge bei Denger Aarbecht beim SIGI?
Meng Aufgab ass et, d’Relatioun tëscht dem SIGI an de Gemengen ze stäerken. Ech presentéieren an erklären eise Clienten dem SIGI seng Produiten a Servicer an hëllefen hinnen, déi optimal Léisunge fir hire Besoin erauszesichen.
Nolauschteren ass dobäi ganz wichteg, an och déi richteg Wierder fannen. „The power of the word“ ass eent vu menge Leitmotiver, well eng reusséiert Kommunikatioun de Schlëssel fir eng gutt Zesummenaarbecht ass.
A wat méchs Du an Denger Fräizäit? Wat sinn Deng Hobbyen?
Ech freeë mech ëmmer wann ech Zäit mat mengen zwee Meedercher verbrénge kann. Ech kache gären an interesséiere mech fir Fotographie.
Ausserdeem maachen ech als Ausgläich reegelméisseg Sport wéi Fitness, Wanderen oder Jogging.