
Éischte Gemengeservice am SIGINOVA
D’Gemenge stinn hautdesdaags virun ëmmer méi groussen Erausfuerderungen, an esou sichen déi Responsabel an de Gemengenhaiser no Léisungen, déi hinnen derbäi hëllefen, dës Erausfuerderungen unzegoen. Well et schwiereg ass, e Passepartout ze fannen, ass et wichteg, dass dës informatesch Léisungen de spezifesche Besoine vun all Gemeng kënnen ugepasst ginn.
Baugeneemegung als Pilotprojet
An der Gemeng Wäiswampech gëtt elo all Baugeneemegung integral am neie Service „Autorisation de bâtir“ am SIGINOVA traitéiert, an dëst vun der Demande vum Bierger bis zum Erstelle vum „Roude Punkt“, also der Baugeneemegung, déi um Chantier affichéiert gëtt.
D’Membere vum Schäfferot sinn immens frou, fir kënne bei dësem Pilotprojet derbäi ze sinn. Ee wichtegen Aspekt ass dee vun der Transparenz. Dank dem iwwersiichtleche Prozess an der Abannung vun deenen eenzele Servicer, hunn déi Responsabel ëmmer den Iwwerbléck, wou e Bauprojet drun ass. Dëst ass natierlech och am Interêt vum Bierger, deen dës Transparenz afuerdert.
Transparenz a Simplification administrative
Esou sinn déi Verantwortlech vu Wäiswampech iwwerzeegt, dass SIGINOVA eng reell Simplification administrative duerstellt, virun allem och fir d’Mataarbechter an der Gemeng. Vill komplex Prozedure kënne vereinfacht ginn, an duerch d’Integratioun vum PAG a vun de Reglementer an de SIGINOVA ass de legale Volet och ofgedeckt.
Nodeems si sech duerch dësen éischte Service konnten e konkreten Abléck an de Fonctionnement vu SIGINOVA verschafen, wëll d’Gemeng Wäiswampech och weider mat un den nächste Servicer matschaffen. Hei fannt Dir den Temoignage mam Henri Rinnen, Joseph Vesque an Norbert Morn am Video.
Méi Informatiounen an Temoignagen fannt der op eiser Saït zum SIGINOVA.