Accueil - SIGINOVA – e Paradigmewiessel an der kommunaler Gestioun
12/05/2020 12:41

SIGINOVA – e Paradigmewiessel an der kommunaler Gestioun

SIGINOVA, den neien Outil, deen de GESCOM wäert ersetzen, ass op enger eegens kreéierter Programméiersprooch vum SIGI entwéckelt ginn an ass souzesoen eng „Software made in Luxembourg“.

Op der Journée des Élus de 5. Mäerz huet de Carlo Gambucci, Direkter vum SIGI, den neien Outil fir d’Gestion communale virgestallt : de SIGINOVA.

SIGINOVA, wäert de GESCOM ersetzen an ass op enger eegens kreéierter Programméiersprooch vum SIGI entwéckelt ginn an ass souzesoen eng „Software made in Luxembourg“. No 3 Joer Entwécklungszäit ass de SIGI elo an der Lag déi 46 Moduler aus dem GESCOM no a no mam SIGINOVA ze ersetzen. Dësen Deploiement gëtt a kloer definéierte Schrëtt zesumme mat de Gemenge gemaach.

Déi disruptiv an nei Technologie vum SIGINOVA erméiglecht d‘Digitaliséierung vun den eenzelen Aarbechtsprozesser, ouni op eng komplex informatesch Entwécklung mussen zeréckzegräifen. Doduerch, dass de SIGINOVA op enger eegener Programméiersprooch opgebaut ass, déi der Métierssprooch ganz änlech ass, entfält déi traditionell Etappe vun der Programmatioun.

SIGINOVA stellt en tatsächleche Paradigmewiessel duer, wann et em déi traditionell Manéier geet wei Software developpéiert gëtt. De Benotzer gëtt e wichtegen Deel vum Prozess a kritt an der Gestaltung eng aktiv Roll. De neien Outil ass op déi spezifesch Besoine vun de Gemengen entwéckelt ginn an erméiglecht personaliséiert Upassungen. D’Gemengen kréien doduerch eng méi héich Flexibilitéit, déi se beim Erfëlle vun hiren Missioune brauchen. Déi individuell Aarbechtsprozesser an der Gemeng, sougenannten Aktivitéiten, ginn definéiert an den Expert-Métier vum SIGI kann des Aktivitéiten direkt am jeeweilege Produit vum SIGINOVA ëmsetzen. Zesumme mat der Gemeng kann déi proposéiert Léisung direkt getest ginn.

D‘Virdeeler vum SIGINOVA:

  • Gemengebeamten an Employéë sinn en Deel vum Prozess vun hire Métieren a gi bei der Ëmsetzung mat agebonnen.
  • D‘Gestioun vun den Accèse leit bei de Gemengen a gëtt domat méi flexibel a schnell.
  • D‘Entwecklungsdauer an den Deploiement vun enger Solutioun gëtt verkierzt, wat et dem SIGI erlaabt seng Clienten nach méi no ze betreien a bei der Upassung ze ënnerstëtzen.
  • Grouss Benotzerfrëndlechkeet an eng kollaborativ Zesummenaarbecht tëscht den Aktivitéiten, déi och bei der Simplificatioun administrative hëlleft. 

SIGINOVA gouf mat sougenannte „open source“ Outilen entwéckelt, déi eng grouss Flexibilitéit an Autonomie mat sech bréngen, mä virun allem eng substantiell Reduktioun vun de Lizenzkäschten an der Ofhängegkeet vu grousse Softwareentwéckler.

Ab dem 15. Juni bitt d’Direktioun vum SIGI Iech un de SIGINOVA an d‘Schäfferéit vun de Gemenge virzestellen ze kommen, an esou ganz einfach op är spezifesch an individuell Froen anzegoen.

Op der Säit www.sigi.lu/siginova fannt Dir verschidden Informatioune ronderëm de SIGINOVA.