Accueil - Chèques Service Accueil gëtt verlängert

Chèques Service Accueil gëtt verlängert

D’Zesummenaarbecht tëscht dem SIGI an dem Ministère de l’Education Nationale gëtt ëm weider 2 Joer verlängert

Zënter méi wéi 10 Joer ass de SIGI verantwortlech fir den informatesche Volet vum Chèques Service Accueil a konnt domat ee vun den éischten inter-administrativen Digitaliséierungsprojete vun nationaler Envergure ëmsetzen.

D’Zesummenaarbecht geet op d’Joer 2009 zeréck, wéi déi deemoleg Ministesch e Partner gesicht huet, deen déi néideg Kompetenzen am Beräich Infrastruktur a Logistik, Relatiounen zu de Gemengen, esou wéi den néidege Knowhow fir d’Entwécklung vun informatesche Solutioune konnt virweisen.

De Bilan vun dëser Zesummenaarbecht ass beandrockend: 60.000 agedroe Kanner, 600 Betreiungsstrukturen sou wéi 102 Gemengen huelen um Projet vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse fir d’Subventionéierung vun der Kannerbetreiung deel.

Déi gréissten Erausfuerderung, nieft der Logistik an dem Verschaffe vu grousse Volummen un Donnéeën, ass d’Vernetzung vun deenen eenzelen Acteuren. Esou ass de SIGI d’Schnëttstell vun de Verbindungen tëscht de Gemengen, dem Ministère, de Betreiungsstrukturen an den Elteren. Iwwer dem SIGI seng Solutioun gi sämtlech Donnéeën erfaasst an iwwerdroen, Presenze vun de Kanner geréiert an all Mount ginn d’Ofrechnungen op eng transparent Manéier erstallt.

Am Joer 2019 konnte ronn 650.000 Rechnungen an engem Wäert vu 485 Milliounen Euro erstallt ginn.

Hautdesdaags ginn dem SIGI seng Léisungen op verschiddenen Niveauen an dësem nationale Projet agesat : Beim Erstellen an Erneiere vun de Chèque Service Kaarte fir d’Gemengen a bei der Gestioun vun de Betreiungsstrukturen.

Mir freeën eis, dass dës Zesummenaarbecht elo fir 2 weider Joer am Sënn vun eise Membere verlängert gëtt.