Accueil - 1 Joer SIGINOVA

1 Joer SIGINOVA

Am Joer 2021 steet d’Ëmsetzung vu SIGINOVA an de Gemengen am Mëttelpunkt. Dëse Paradigmewiessel an der kommunaler Gestioun wäert vill Demarche fir d’Gemengen an hir Bierger vereinfachen.

Viru genau engem Joer huet de SIGI de Verantwortleche vun de Gemengen op der Journée des élus an engem flotte Kader eng nei innovativ Léisung fir déi kommunal Gestioun vun de Métiers-Programmer virgestallt. De SIGINOVA wäert no an no de Gescom, dee schonns e bëssi an d’Jore komm ass, ersetzen. Een zentraalt Element an der Entwécklung vum SIGINOVA ass d’Zesummenaarbecht mat Iech, eise Memberen, sief et an thematesche Conseils techniques, bei Produkttester an Echangë mat Pilotgemengen oder ganz einfach am alldeeglechen Austausch tëscht eise Mataarbechter.

Mir sinn elo esouwäit, fir deen éischte Modüll vum Populatiounsregëster d’Gestion des ménages (base légale) – d’Häerzstéck vun alle kommunale Léisungen – am SIGINOVA ze deploieren. An deenen nächste Schrëtt kënnen da weider SIGINOVA-Modüllen op d’Populatiounsdonnéeën zougräifen, wéi zum Beispill de Programm vun de Baugeneemegungen oder dem Etat Civil.  

Ech freeë mech och, dass de Ministère du Logement bei esou engem wichtegen nationale Projet ewéi dem Pacte Logement 2.0 op dem SIGI seng SIGINOVA-Plattform setzt. D’Grënn dofir si villfälteg : d’Vereinfachung vun den inter-administrative Prozesser, d’Vernetzung vun de verschiddenen Acteuren (Ministère, myenergy, Gemengen, Energieberoder) esou wei eng verbessert Duerstellung vun den Donnéeën duerch Indikatoren.  Weider Informatiounen zu dësem Projet hu mir fir Iech an dësem Artikel zesummegefaasst.

Een aneren nationale Projet am Intérêt vun de Gemenge geet a Verlängerung. De Ministère de l’Educatioun huet d’Zesummenaarbecht mam SIGI am Kader vun Chèques Service Accueil ëm 2 weider Joer verlängert. Mir gesinn dëst als Vertrauensbeweis a Bestätegung fir déi gutt Zesummenaarbecht vun de leschten 10 Joer. Méi Informatiounen zu dësem éischten inter-administrative Projet vun nationaler Envergure fannt Dir hanner dësem Link

Ech sinn optimistesch, dass trotz den aktuelle Restriktioune vum ëffentleche Liewen nach an dësem Joer eng ganz Rei vun Deploiementer vu SIGINOVA mat Iech an de Gemenge kënnen ëmgesat ginn an esou zur Vereinfachung vu ville Verwaltungsprozesser wäerte bäidroen.

Ech wënschen Iech vill Freed beim Liese vun eiser Newsletter.

 

Yves Wengler, President vum SIGI