Accueil - SIGINOVA a Pacte Logement 2.0

SIGINOVA a Pacte Logement 2.0

Pacte Logement 2.0 - Wéi gëtt dësen ambitiéisen inter-administrative Projet am SIGINOVA ëmgesat? A wat sinn déi konkret Virdeeler fir d'Gemengen? 

SIGINOVA: digitaalt Element vum Pacte Logement 2.0

Ugangs Februar gouf de Pacte Logement 2.0 vum Ministère du Logement, Ministère de l’Intérieur an dem Syvicol de Gemenge per Webinar virgestallt. Duerch dëse Pacte sollen d’Gemenge besser ënnerstëtzt gi bei der Schafung vu méi abordable  Wunnraum. Déi digital Ëmsetzung vun dësem ambitiéisen inter-administrative Projet gouf vum SIGI op Basis vum SIGINOVA, der neier Solutioun fir d’ Gestioun communale, ëmgesat.

Ëmsetzung vum Pacte Logement 2.0 mat SIGINOVA

Fir déi verschidde Prozesser ëmzesetzen déi am Pacte Logement 2.0 virgesi sinn, huet de SIGI eng Réi nei Servicer entwéckelt, déi ob d’Stäerkten a Virdeeler vum SIGINOVA zeréckgräifen. Gemengen, de Ministère du Logement a myenergy ginn iwwert SIGINOVA matenee vernetzt a kennen esou iwwert déi selwecht Plattform kollaboréieren.

Doduerch dass déi verschidden implizéierten Acteuren Accès op déi verschidde Servicer am SIGINOVA hunn, gëtt den Austausch vun Informatiounen an d’Kollaboratioun däitlech vereinfacht: Administrativ Prozeduren, wei zum Beispill d’Erstellen vun verschiddenen Elementer vun den Konventiounen oder d’Rapporten, sinn an engem standardiséierte Format gehalen an erlaben esou eng transparent Iwwersiicht.

  • Den individuellen Plan d’action local mat den Objectifs communaux an den Champs d’actions ginn eenheetlech am SIGINOVA agedroen
  • Prestatioune vum Conseiller Logement an de Suivi ginn am designéierte Service am SIGINOVA agedroen an kennen och do consultéiert gi
  • Integréiert Indicateuren erlaben der Gemeng eng optimiséiert Iwwersiicht zum Beispill vun der individueller Dotation financière oder och den erbruechten Stonnen vum Conseiller Logement

Duerch déi digital Ëmsetzung vum Pacte Logement 2.0 am SIGINOVA gouf den administrativen Oflaf fir d’Gemengen optimiséiert.

Doriwwer eraus erlaabt eng méi intuitiv an optimiséiert Duerstellung dem Ministère du Logement eng national Iwwersiicht iwwert den Avancement vun de verschiddene Projeten am Pacte Logement ze erhalen.

SIGINOVA – Déi nei innovative Léisung fir d’ Gestion communale

No méi wei 16 Joer kréien d’Lëtzebuerger Gemenge mam SIGINOVA eng nei innovativ Solutioun fir hir Gestion communale: am SIGINOVA steet den Utilisateur an eng optimiséiert Kollaboratioun tëscht verschiddenen Equippen a Servicer am Virdergrond:

  • Kommunal Aarbechtsprozesser goufen an engem, fir den Utilisateur méi intuitiven an transparenten Oflaf konzipéiert
  • Notifikatiounen an en perséinleche Fil d’actualité, informéieren den Utilisateur cibléiert zu sengen Aktivitéiten a Missiounen
  • En strategeschen an operationelle Suivi erlaben eng Réi Indicateuren déi am SIGINOVA integréiert sinn a kennen op individuell Besoine vun der Gemeng adaptéiert ginn
  • All Gemeng kann am SIGINOVA autonom hir Accèse geréieren, d’Gestioun vun Equippen a Projete gëtt doduerch facilitéiert

Méi Informatiounen zu SIGINOVA fannt Dir op www.sigi.lu/siginova.