Accueil - Editorial

Editorial

D’Joer 2020 war fir de SIGI aussergewéinlech. Am Mäerz hu mir de Lancement vu SIGINOVA gefeiert an trotz de widdregen Ëmstänn hu mir déi éischt Servicer vu SIGINOVA an de Gemengen ëmgesat. Fir d’Joer 2021 sinn ech iwwerzeegt, dass vill weider Deploiementer vu SIGINOVA wäerten derbäi kommen.
Léif Lieserinnen a Lieser, 

Mir kucken op en aussergewéinlecht Joer zeréck, dat weesentlech vun der Pandemie gepräägt war. Et war eng grouss Erausfuerderung fir eis alleguer, fir eis a kierzester Zäit op déi nei Gegebenheeten anzestellen.

Ech sinn der Meenung, dass de kommunale Secteur do eng ganz exemplaresch Roll gespillt huet, fir och a Krisenzäiten e verlässlechen Uspriechpartner fir de Bierger ze sinn. Mat senge Léisunge fir den Télétravail, fir d’Kommunikatioun mam Bierger a fir d’Videokonferenze vun de Schäfferéit huet de SIGI d’Gemengen dobäi ënnerstëtzt.

Et ass awer elo och de Moment, fir no vir ze kucken. An duerfir sinn ech frou, dass de Comité vum SIGI eise Budget fir d’Joer 2021 unanime ugeholl huet. Obwuel de SIGI den Usproch huet, fir parallel zu de bestoende Gescom-Programmer d’Weiderentwécklung vum SIGINOVA virun ze dreiwen, gëtt et keng substantiell Erhéijung vun eisem Budget. Déi minimal Erhéijung ass haaptsächlech op déi mechanesch Entwécklung bei de Personalkäschten zeréckzeféieren.

E groussen Deel vum Budget vum SIGI betrëfft Lizenzkäschten, déi mir u grouss auslännesch Entreprise bezuelen. Fir dës Käschten niddreg ze halen, an och fir eng méi grouss Onofhängegkeet vun der Präispolitik vun dësen Acteuren ze kréien, huet de SIGI eng open source Strategie en place gesat. Eis Entwécklungen am SIGINOVA an och an eisen neien Internetsitte baséiere schonn op open source Technologien. An dësem Sënn wäerte mir och sämtlech Datebanken, déi Sharepoint benotzen,  op eng open source Plattforme migréieren.

Als Ausbléck op d’Joer 2021 sinn ech iwwerzeegt, dass mir vill weider Deploiementer vu SIGINOVA an de Gemenge kënnen ëmsetzen. Wéi esou en Deploiement ausgesi kann, erkläert de Carlo Gambucci an dësem Video.

Am Numm vum Büro a vun der Direktioun vum SIGI wënschen ech Iech alleguerten eng schéi Chrëschtzäit an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Vill Spaass beim Liese vun eiser Newsletter!