Accueil - Editorial Juli 2020
Uncategorized

Editorial Juli 2020

Et freet mech Iech matzedeelen dass Enn Juni den éischte Service am SIGINOVA - den Nofollger vum Gescom - an der Gemeng Wäiswampech implementéiert gouf. D‘Weiderentwécklung vu SIGINOVA leeft op vollen Touren.

Léif Lieserinnen, léif Lieser,

Och an dëser ganz spezieller Zäit ass de SIGI fir déi Erausfuerderungen déi sech elo stellen, opgestallt. Eis Equippe leien am Plang mat der Weiderentwécklung vu SIGINOVA a senge Servicer. An esou si mir méi ewéi houfereg, déi éischte Kéier d‘Servicer vum SIGINOVA Enn Juni an der Gemeng Wäiswampech konnten ze implementéieren. Den Henri Rinnen, Buergermeeschter, zesummen mat sengem Schäfferot, deele mat eis hir Andréck zu dëser neier innovativer Léisung fir d’kommunal Gestioun.

Den nächste Schrëtt fir d’Ëmsetzung vun de weidere Servicer ass iwwert de Summer geplangt. De SIGINOVA ass e grousse Schratt a Richtung Simplification administrative, a bréngt vill Virdeeler fir d‘Gemengen an hir Bierger. Wéi aus enger Visioun eng Realitéit gouf, erkläert de Carlo Gambucci an engem Videointerview.

Den Internetsite ass oft den éischte Kontaktpunkt fir de Bierger mat enger Gemeng, an zemools an dësen Zäiten ass et wichteg, dass Informatioune séier zougänglech sinn. Och den Design spillt eng grouss Roll. En Internetsite spigelt nämlech d’Identitéit vun enger Gemeng erëm. D‘Gemeng Pëtschent huet als éischt Gemeng hiren Internetoptrëtt zesumme mam SIGI op Basis vu WordPress entwéckelt. Op www.putscheid.lu kënnt Dir Iech e Bild vun dësem gelongene Projet maachen.

Beim SIGI selwer steet dëse Summer och eng gréisser Ännerung un. De SIGI plënnert ab dem 3. August an seng nei Büroen zu Contern, an dëst net wäit ewech vun den aktuelle Büroen. All praktesch Informatiounen heizou fannt Dir an dëser Newsletter.

Ech wënschen Iech vill Spaass beim Liese vun dëser Newsletter an en erhuelsame Summer.

Yves Wengler, President