Accueil - Editorial
20/10/2020 16:12

Editorial

D’Weiderentwécklung vu SIGINOVA mécht och an Zäite vun der Corona-Pandemie keng Paus. Doriwwer eraus huet eng Entscheedung vum Europäesche Geriichtshaff den Dateschutz vun Internetsäiten nees an de Fokus geréckelt, wat och fir d’Gemengen e groussen Impakt huet.

Léif Lieserinnen, léif Lieser,


D’Liewen an d’Schaffen an de Gemenge waren dëse Summer ongewinnt. Et konnte keng Fester stattfannen, wouduerch eng wichteg sozial Komponent am Zesummeliewe vun der Gemeng ewech gefall ass. An de Gemengen hunn Theme wéi „Homeoffice” an d’Anhale vun de Gestes barrières eng grouss Roll gespillt.

 Trotz dësen Ëmstänn si beim SIGI d’Aarbechten u SIGINOVA weidergaangen. No dem Service Gestion des Autorisations de bâtir zu Wäiswampech, lafen elo d’Servicer Gestion des ménagesGestion des cautions am Piloteprojet.

Dës éischt Servicer am SIGINOVA riichte sech virun allem un d’Mataarbechter vun de Gemengen. An Zukunft wäerten och d’Membere vun de Schäffen- a Gemengeréit verstäerkt agebonne ginn. Mir proposéieren Solutiounen, déi souwuel operationell, wéi och strategesch Ausriichtungen hunn. De Carlo Gambucci geet a sengem Video ob dëse wesentleche Punkt vum SIGINOVA an.

De SIGI ënnerstëtzt vill Gemengen derbäi, fir hiren Internetoptrëtt nei opzestellen. Nieft engem modernen an intuitiven Design, sinn hautdesdaags déi aktuell gesetzlech Virgabe wichteg. Bei Theme wéi der Ëmsetzung vum GDPR oder dem Austausch vun Donnéeën am Kader vum Privacy Shield, ënnerstëtzt de SIGI mat senger Expertise d’Gemengen. Dëst gëllt och fir Solutioune wéi dem SIGIdrive, deen a kenger Gemeng feelen dierf, an deen et erlaabt, Dokumenter openg sécher Manéier ze späicheren an ze deelen. (+ Liens op Artikelen)

De SIGI huet de Summer genotzt fir a säin neit Gebai ze plënneren. Dëse Schrëtt war wichteg fir eis: Déi al Raimlechkeete waren einfach ze kleng ginn. Duerch den Ëmstand, dass mer keen néit Gebai hu konnte bauen, si mer frou, eng optimal Léisung fir eis Mataarbechter an dësen neie Büroe fonnt ze hunn, an dëst weiderhin zu Conter.

Ech wënschen Iech eng interessant Lecture.