Accueil - Eng Cloud-Léisung fir de Gemengesecteur „Made in Luxembourg”

Eng Cloud-Léisung fir de Gemengesecteur „Made in Luxembourg”

D’Nofro no Solutioune fir grouss Dokumenter ze späicheren an op eng sécher Manéier ze deelen hëlt och am Gemengesecteur zou. De SIGIdrive ass eng moossgeschneidert Applikatioun, bei där all d’Donnéeën zu Lëtzebuerg bleiwen.

An de Gemenge ginn ëmmer méi Prozesser digitaliséiert, wat zu enger Vereinfachung an der Verwaltung féiert –  zum Virdeel vun de Gemengemataarbechter a vun de Bierger. Wann Dokumenter wéi Zertifikater, Pläng oder och nach Ausschreiwungen digital bestinn, kënnen dës méi séier verdeelt a beaarbecht ginn.

Well dës Dokumenter vertraulech a perséinlech Donnéeën kënnen enthalen, mussen dës natierlech och op eng sécher Manéier gespäichert a gedeelt ginn. Ausserdeem si verschidden Dokumenter esou voluminéis, dass se net kënne per E-Mail verschéckt ginn.

Fir dëser Entwécklung gerecht ze ginn, huet de SIGI eng eegen Cloud-Léisung fir de Stockage an d’Deele vun Dokumenter fir de kommunale Secteur entwéckelt : SIGIdrive. Dës Solutioun gëtt vum SIGI geréiert an den Hebergement ass exklusiv zu Lëtzebuerg.

SIGIdrive: Made in Luxembourg

Mam SIGIdrive kann e Mataarbechter vun enger Gemeng Dokumenter späicheren an se direkt iwwer SIGIdrive mat anere Persounen deelen: Entweder an der eegener Gemeng, mat de Membere vum Schäffen- a Gemengerot a Membere vu Kommissiounen, oder  awer och mat externe Partner, wéi Architekten- oder Ingenieursbüroen gedeelt ginn. All Benotzer stinn dobäi 15 Gigabyte Späicherplaz zur Verfügung.

Dokumenter och ënnerwee disponibel

E weidere grousse Virdeel vum SIGIdrive ass, dass d’Dokumenter esouwuel iwwert e Computer kënnen opgeruff ginn, wéi och iwwert eng mobil App. Esou kann een zum Beispill och wärend enger Chantiersréunioun op d’Pläng zougräifen.

Wéi an de leschte Méint wéinst der Pandemie Mataarbechter vun de Gemengen zum Deel vun Doheem aus geschafft hunn, war SIGIdrive fir si eng sécher a bequem Léisung, fir op déi néideg Dokumenter zeréckzegräifen.

Safety first: Är Donnéeë bleiwen zu Lëtzebuerg

SIGIdrive steet dobäi a Konkurrenz zu groussen internationale Solutioune wéi Dropbox, Onedrive oder wetransfer. Duerch déi rezent Ännerungen am legale Kader, Stéchwuert „Privacy Shield”, dierfen europäesch Organisatioune keng Donnéeë méi un us-amerikanesch Firmen iwwermëttelen.

SIGIdrive garantéiert, dass d’Donnéeë vun de Gemengen zu Lëtzebuerg bleiwen an net mat auslänneschen Bedreiwer gedeelt ginn. Esou hunn d’Gemengen, déi SIGIdrive benotzen, eng ganz staark Kontroll, wat mat hiren Dokumenter geschitt.

Fallbeispill Iechternach

Wéi eng konkret Notzen eng Gemeng aus dem SIGIdrive zitt, erkläert eis d’Nora Schock, Secrétaire ff. vun Iechternach :