Accueil - Campagne Employer Branding – Global minds for local impact
30/04/2020 08:30

Campagne Employer Branding – Global minds for local impact

Déi grouss Ufuerderungen, déi am Kader vu senger Missioun am Déngscht vun den 101 Gemengen un de SIGI gestallt ginn, verlaangen dass de SIGI konstant no potentielle Mataarbechter sicht, déi nei Kompetenze matbréngen. Genau sou wichteg ass och, dass déi existéierend Talenter weiderentwéckelt ginn.

Firwat lancéiert de SIGI eng Employeur Branding Campagne ?

De SIGI lancéiert dëst Joer eng nei Campagne déi et sech zum Zill gesat huet, potentiell Talenter fir de SIGI ze begeeschteren. Et geet dorëms, de SIGI als innovativen Employeur virzestellen, deen als Lëtzebuerger Administratioun an engem Esprit entrepreneurial no enger agiller an innovativer Approche schafft, déi den Engagement an d’Eegeninitiative fërderen.

De Slogan Global minds for local impact ass e Spigelbild vum internationalen a multikulturellen Aarbechtsëmfeld dat ee beim SIGI erëmfënnt: eng Rei Nationalitéite schaffe beim SIGI, déi all a verschiddene Rollen, am Déngscht vu 600 000 Bierger stinn.

Wou kann een déi Campagne gesinn a wat sinn déi verschidden Elementer?

Des Campagne wäert ab Ufank Mee ob de verschiddene Kommunikatiounskanäl vum SIGI ze gesi sinn, souwéi an de Lëtzebuerger Medien an Dageszeitungen. Am Kader vum Ausbau vun der Digitalisatioun vun de Gemengeprozesser siche mir och eng Rei nei Mataarbechter. Eis oppe Plaze fënnt een dann och op de Lëtzebuergesche Job-Plattformen. Doduerch kann en breede Public ugeschwat a potentiell Kandidate fir de SIGI begeeschtert ginn.

Vu dass eis eege Mataarbechter am beschte kenne berichten, wat hinnen un hirer Aarbecht am SIGI gefält, hu mir eng Rei Temoignagë produzéiert. Aus aktuellen Ëmstänn goufen des Videoe vun de jeeweilege Mataarbechter an hirem Homeoffice opgeholl. Op enger eegener Landingpage ob eiser Internetsäit, sigi.lu/globalminds, kann een nolauschtere firwat ënnert anerem d’Héloïse, d’Marina an den Tom gäre beim SIGI schaffen.

Dës Videoen, esou wei eis oppe Plaze fannt Dir op eise Social Media Kanäl op Facebook, LinkedIn, Twitter a Youtube.

Entdeckt eis Campagne: www.sigi.lu/globalminds​