Accueil - Sécher schaffen op Distanz mat den digitale Léisunge vum SIGI

Sécher schaffen op Distanz mat den digitale Léisunge vum SIGI

D’Nofro no digitale Léisungen, déi et erméiglechen, och op Distanz kënnen ze schaffen, huet an de leschten 2 Joer zougeholl.

Och am Gemengesecteur gëtt ëmmer erëm op den Teletravail zeréckgegraff a Reunioune mussen à distance gehale ginn. Heifir bidde mir de Gemengen eng Rei Léisunge fir kënnen an aller Flexibilitéit ze schaffen.

Mat der Plattform SIGIRooms bitt de SIGI eng sécher Léisung fir Reuniounen a Videokonferenzen ze organiséieren.  En einfacht Deele vun Dokumenter an eng integréiert Chatfunktioun erlaabt et, interaktiv ze schaffen an zum Beispill och Ofstëmmungen duerchzeféieren. Och Formatiounen a Webinare loossen sech mat SIGIRooms einfach organiséieren. Déi transferéiert Donnéeë bleiwen op de Servere vum SIGI an all d’Kommunikatioune gi verschlësselt iwwerdroen, fir dass och confidentiel Informatioune geschützt sinn.

Eng aner praktesch Léisung ass de SIGIdrive. Grouss Dokumenter kënnen hei gespäichert ginn an op eng sécher Manéier gedeelt ginn. Déi gespäichert Dokumenter kënnen esouwuel iwwert e Computer, wéi och iwwert eng mobil App opgeruff a consultéiert ginn. Och béi dëser Léisung ginn d’Donnéeën op Serveren zu Lëtzebuerg gespäichert.

D’Kommunikatioun mam Bierger ass net nëmmen a Krisenzäiten essentiell. De Service SMS2citizen erlaabt de Gemengen, hiren Awunner einfach a schnell aktuell Informatioune per SMS op den Telefon ze schécken. E grousse Virdeel ass, dass fir dëse Service keen Internet a kee Smartphone gebraucht gëtt.  Fir de Bierger ass dëse Service gratis.