Accueil - 2022, e Joer am Zeeche vun der Zesummenaarbecht

2022, e Joer am Zeeche vun der Zesummenaarbecht

Eng vun de grousse Stäerkte vu SIGINOVA ass déi kollaborativ Approche. Dës fënnt sech souwuel bei der Konzeptioun vun den eenzele Produkter, wéi och bei der Aart a Weis an der Manéier, wéi déi eenzel Acteuren an d’Prozesser agebonne ginn.

D’Konzeptioun vun engem Produit geschitt an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen, a Form vu Workshopen, Conseils techniques an natierlech duerch vill Kommunikatioun an Austausch am Alldag tëscht de Mataarbechter an de Gemengen an dem SIGI.

Eent vun eisen Objektiver am SIGINOVA ass, fir déi inter-administratif Prozesser ze vereinfachen. Sief et mat anere Gemengen a Syndikater oder eben och mat staatlechen Administratiounen a Ministèren, wéi zum Beispill beim Pacte Logement oder beim Pacte Climat 2.0. D’Plattform SIGINOVA erlaabt et, all d’Acteuren einfach mat an de Prozess ze integréieren.

Eng Confirmatioun fir déi innovativ Approche vu SIGINOVA kréie mir och duerch de groussen Interessi aus eisen Nopeschlänner. Mir sinn amgaangen ze analyséieren , wéi mir eventuell Zesummenaarbechten organiséiere kënnen. 

Ech freeë mech, dass den EnerCoach den 1. Präis beim EPSA-Concours konnt gewannen, an der Kategorie vum Secteur public . Den EnerCoach ass eng Zesummenaarbecht mat myenergy, an et ass déi éischte Kéier dass e lëtzebuergesche Projet an dëser Kategorie ausgezeechent ginn ass.

Mat den Deploiementer vun de SIGINOVA-Produiten an de Gemenge komme mir gutt virun. Eis neisten Entwécklung, Séances, ass fir d’Gemenge besonnesch wichteg, well en d’Organisatioun vun de Schäffen- a Gemengeréit betrëfft a vereinfacht.

Fir Iech all dës Informatiounen nach méi no ze bréngen, organiséiere mir am Mäerz 2022 eng Serie vu 5 Informatiounsséancen. Kommt, an diskutéiert mat eis iwwer déi digital Zukunft vun de Gemengen!

2022 ass awer och d’Joer, an deem de SIGI säi 40. Anniversaire feiert. Am Laf vum Joer wäerte mir mat Iech zesummen op déi spannend Geschicht vum SIGI zeréck kucken an dëst och entspriechend feieren.

Ech wënschen Iech vill Spaass beim Liese vun dëser Newsletter.

Yves Wengler,

President