Accueil - Editorial Dezember 2019

Editorial Dezember 2019

D‘Enn vum Joer ass ëmmer eng gutt Geleeënheet fir op déi vergaangen 12 Méint zeréck ze kucken. Fir de kommunale Secteur war et e mouvementéiert Joer mat ënner anerem villen a konstruktiven Echangen am Kader vun der neier Loi communale.

Léif Lieserinnen, léif Lieser,

D‘Enn vum Joer ass ëmmer eng gutt Geleeënheet fir op déi vergaangen 12 Méint zeréck ze kucken. Fir de kommunale Secteur war et e mouvementéiert Joer mat ënner anerem villen a konstruktiven Echangen am Kader vun der neier Loi communale.

Doriwwer eraus war den November fir de SIGI e Mount ganz am Zeeche vun der Kollaboratioun a vum Austausch. Esou ware mir houfreg d’Inneministesch Taina Bofferding bei eis begréissen ze kënnen. Donieft hate mir eng Entrevue mat enger Délégatioun vum Ministère de la Digitalisation a mat eise Confrère vum SYVICOL. Wourëms et do gaangen ass, kennt dir an dësem Artikel noliesen.

2019 war och d’Joer, an deem eis nei Organisatioun „par Centres de compétences“ sech am Alldag huet misste beweisen. Mir sinn iwwerzeecht, dass mir mat dëser Organisatioun gutt opgestallt sinn, fir déi grouss Erausfuerderunge vun den nächste Méint a Joren unzegoen.

Ee Service, deen haut vu ville Gemenge benotzt gëtt, ass de Cockpit. De Léon Gloden, Buergermeeschter vu Gréiwemaacher erkläert eis an engem flotte Videotémoignage, wisou hie reegelméisseg op de Cockpit zeréck gräift. 

Weider Themen an dëser Newsletter sinn „De SIGI am Alldag“, wou mir Iech en Iwwerbléck ginn, wéi de SIGI de Gemengen an der Budgetsvirbereedung hëlleft, a bei „SIGIfaces“ stelle mir Iech d’Patty Ney vir. 

Wie Réckbléck seet, seet och Ausbléck. 2020 wäert fir de SIGI en historescht Joer ginn. Ech wëll op dëser Plaz nach net ze vill verroden, just esouvill: de Gescom wéi Dir en haut kennt, wäert sech fundamental weider entwéckelen. A mir freeën eis elo schonn drop, Iech dës Neiegkeeten dat nächst Joer ze presentéieren.

Ech wënsche Iech vill Spaass beim Liese vun dëser Newsletter an Iech alleguerten elo scho schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch.

Yves Wengler

President