Accueil - Editorial

Editorial

Kommunikatioun ass an de Gemengen hautdesdaags den A an O wann et drëms geet, no bei de Bierger ze sinn, Informatioune schnell weiderzeginn an de Bierger direkt ze bedeelegen. De SIGI bitt senge Membersgemengen eng Réi Léisungen fir den Austausch tëschent Gemeng a Bierger méi direkt a méi effizient ze maachen. Donieft presentéiere mir Iech konkret Beispiller, wéi de SIGI hëlleft Är Prozesser ze digitaliséieren an esou méi nohalteg ze schaffen.

Léif Lieserinnen, léif Lieser,

Nieft dëse Léisunge fir den Dialog mam Bierger ze ënnerstëtzen, ass et eist Bestriewen, ze hëllefe fir d’Weeër an de Verwaltunge méi kuerz ze maachen. An dësem Kader sinn ech houfreg, Iech 2 Projete virzestellen, wou mir zesumme mat Pilotgemenge konkret Moossnamen ausgeschafft hunn fir Zäit an Aarbecht ze spueren a fir méi ëmweltbewosst ze schaffen.

D’Gemengen zu Lëtzebuerg traitéieren all Joer ca. 733.000 Fournisseursrechnungen. Zesumme mat der Gemeng Suessem schaffe mir un engem Pilotprojet fir dës Facturen ze dematerialiséieren, an dozou fannt Dir e flotten Videotémoignage an dëser Editioun.

Beim Projet mat der Gemeng Käerjeng gëtt ee vum SIGI entwéckelte System getest, mat deem d’Kautiounen, déi bis elo dacks  Kappzerbrieches an der Comptabilitéit bereet hunn, kënne separat geréiert ginn.

Fir dass Dir Är Uspriechpartner beim SIGI besser kenneléiert, stelle mir Iech an dëser Editioun eng Persoun fir, déi Entrepreneurship an ëffentlech Verwaltung op een Nenner bréngt, den Johny Nevoa.

Zum gudde Schluss gëtt et natierlech nees eise Quiz, wou Dir dës Kéier rode kënnt, a wéi enger Gemeng et fréier mol e besonnesch kuuschtegen Zäitgenosse ginn ass.  

Och wann d’Vakanzenzäit elo sou lues op en Enn geet, wënschen ech Iech alleguer nach e puer flott an erhuelsam sonneg Deeg a virun allem:

Vill Freed beim Liesen!

 

Yves Wengler, President