Accueil - SIGIFaces – Bénédicte Lobel

SIGIFaces – Bénédicte Lobel

An dëser Editioun stelle mir Iech d’Bénédicte Lobel, Lead Métier vum Centre de compétences Aménagement du territoire / Offices sociaux vir.

Bénédicte, kanns du eis däi professionelle Parcours beschreiwen, deen dech bei de SIGI bruecht huet?

Nom Ofschloss vun engem Master op der ICN Business School zu Nanzeg hunn ech zu Paräis an de Services financiers vun enger Bank geschafft. Am Kader vun dëser Missioun sinn ech no 2 Joer op Lëtzebuerg geplënnert. Duerno war ech zoustänneg fir IT Projeten um Europäesche Geriichtshaff. No dëser interessanter Missioun war ech 5 Joer laang bei AXA Assurances zoustänneg fir d’Entwécklung vun digitale Business Solutiounen.

Wat sinn Deng Missioune beim SIGI am Centre de compétences Aménagement du territoire / Offices sociaux?

Am Moment schaffe mer un der Réécriture vun de Produiten am SIGINOVA, speziell fir d’Office-sociaux, wéi zum Beispill den NOS. Am deegleche Kontakt an Austausch mat den Office-sociaux ass et eis méiglech hir Besoinen ze verstoen an dëst an d’Entwécklung mat afléissen ze loossen. Et ass fir mech en immens spannende Projet : D’Analys vun engem Workflow-baséierte Prozess bei deem een de Produit vun A bis Z kann entwéckelen. Donieft schaffe mer och mat Héichdrock um Produit vun den Avertissement-taxées, dem AgentM, ee vun den éischte SIGINOVA Produiten, deen och als mobil Applikatioun fir d’Agent-municipallen entwéckelt gouf.

Wat motivéiert Dech besonnesch bei Denger Aufgab?

D’Finalitéit vu menger Aarbecht: Fir eis Clientë praktesch Solutiounen auszeschaffen, déi si bei der Erfëllung vun hire Missiounen ënnerstëtzen. Ech schätzen den enke Kontakt, deen ech wärend dem Accompagnement mat hinnen hunn. Dëst war och ee vun den Haaptgrënn, dee mech motivéiert huet fir beim SIGI ze schaffen!

Wat gefält Dir un Denger Aarbecht ?

Fir mech stécht virun allem déi gutt Kollaboratioun tëscht de verschiddenen Equippen eraus, déi op déi agil Organisatioun vum SIGI zeréckzeféieren ass. Den transparenten a flëssegen Austausch bréngt mat sech, dass Entscheedunge séier kënne getraff ginn, wat e grousse Virdeel duerstellt. Mir motivéieren an hëllefen eis géigesäiteg, e Punkt, dee mir de Start beim SIGI erliichtert huet.  An och de Kontakt mat eise Clientë motivéiert mech, an hëlleft mer hir Besoinen ze verstoen an drop anzegoen.

A wat méchs Du an Denger Fräizäit ?

Ech verbrénge virun allem vill Zäit mat menger Famill a Frënn! Fir mech ze entspanen an nei Energie ze tanke ginn ech och ganz gär lafen.