Accueil - SIGIFaces – Eileen Zwarg

SIGIFaces – Eileen Zwarg

An dëser Editioun stelle mir Iech eis nei Mataarbechterin vum Centre de compétences Ventes / Recettes, d'Eileen Zwarg vir.

Eileen, kanns Du eis kuerz Deng Ausbildung an Däi professionelle Parcours beschreiwen? Wat sinn Deng Aufgabe beim SIGI?

No mengem Masterofschloss an der Ekonomie hunn ech ugefaangen am Beräich Operations/Logistik ze schaffen. Awer meng Interête loungen ëmmer éischter am techneschen Ëmfeld, an duerch meng Leidenschaft fir d’Aviatioun hunn ech dunn, no verschiddenen Auslandsopenthalter a Frankräich, Brasilien, Mexiko an Däitschland, bei Euro-Composites als Vertriebsingenieurin geschafft. Am Juni 2020 sinn ech du bei de SIGI komm.

Beim SIGI këmmeren ech mech am SIGINOVA em d’Réécriture vun de Servicer Ventes an all den domat verbonnene Servicer, wéi z.B. Gestion des impayés oder Gestion des titres. Zesumme mat menger Equipe assuréiere mir och fir eis Clienten d’Maintenance, esou wéi de Support Niveau 2 fir déi nach bestoend Produiten am Gescom.

Wat gefält Der un Denger Aarbecht ?

Ech sinn en Mënsch, deen Erausfuerderunge brauch an d’Aufgabe beim SIGI sinn immens villfälteg a stelle mech all Dag virun nei Challengen.

Perséinlech fannen ech et e flotte Challenge fir Deel vum SIGINOVA Projet ze sinn an d’Méiglechkeet ze hunn, Servicer an enger neier Métiersprooch ëmsetzen ze kënnen. Ech léieren all Dag eppes Neies derbäi, wat d’Aarbecht ni langweileg mécht. Wat ech immens flott fannen ass dee kollegialen a kollaborativen Ëmgang, deen am SIGI gelieft gëtt. D’Aarbechtsëmfeld ass oppen an entspaant an ech si beandrockt vum ville Support, deen ech ugebuede kréien. 

Ginn et speziell Aspekter, déi Dech bei Denger Aufgab besonnesch motivéieren?

D’Réécriture vun de Servicer am SIGINOVA ass scho ganz beandrockend, well mer hei wierklech vun Null aus starten an ee vill Afloss op d’Entwécklung vum Produit kann huelen. En ERP vun dëser Gréisstenuerdnung dierfe mat ze gestalten, deen en direkten Afloss huet op d’Aarbechtsprozesser an de Gemenge bis hin zum Service um Bierger, ass eng grouss Motivatioun an Opportunitéit.

Och de Kontakt mat de Clienten am Kader vun de Conseil techniques gëtt mer e wichtegen Abléck an de Fonctionnement vun de Lëtzebuerger Gemengen. Dëst Wëssen hëlleft mer, déi eenzel Aarbechtsprozesser kënne besser op d’Besoine vun eise Clienten ze unzepassen.

A wat méchs Du an Denger Fräizäit?

Ech reesen immens vill a besiche Kolleegen, déi ech wärend menger Zäit am Ausland kennegeléiert hunn. Sport maachen ech och ganz gären: A menger Heemecht Tübingen sinn ech Stocherkahn gefuer: Do fiert een an engem Holzboot mat 18 Leit an dréckt sech unhand vun engem Stack duerch d’Waasser.