Accueil - Deploiement vum Pacte Logement 2.0 am SIGINOVA

Deploiement vum Pacte Logement 2.0 am SIGINOVA

Mam Pacte Logement 2.0 geet e weideren nationalen inter-administrative Produit am SIGINOVA fir d’Gemengen un de Start.

Nodeems d’Gesetz vum Pacte Logement 2.0 am Juli 2021 gestëmmt ginn ass, gouf dëse scho vun enger Rei Gemengen ënnerschriwwen.

De SIGI huet zesumme mam Ministère du Logement op SIGINOVA e Produit fir déi digital Ëmsetzung vun de verschiddenen administrative Prozesser am Pacte Logement 2.0 entwéckelt . Beim Design vum Pacte Logement 2.0 am SIGINOVA geet et virun allem drëm, déi verschidden Akteuren, déi um Logements-Prozess bedeelegt sinn (Gemengen, Ministère du Logement, myenergy), matenee op enger Plattform ze vernetzen an esou eng digital an optimal Zesummenaarbecht ze erméiglechen.

Déi verschidden administrativ Elementer vum Pacte Logement 2.0 si standardiséiert ginn. Esou kënnen z.B. : d’Objectifs communaux an d’Champs d’actions vum individuelle Plan d’action lokal eenheetlech am SIGINOVA agedroe ginn, wat en einfachen a sécheren Austausch vun Informatiounen erlaabt.

Un Hand vun integréierten Indicateuren huet all Gemeng och eng praktesch Iwwersiicht iwwert hire Pacte logement, zum Beispill iwwert déi individuell Dotation financière oder déi erbruechte Stonne vum Conseiller Logement.

D’SIGINOVA-Plattform erméiglecht en optimiséierten administrativen Oflaf vum Pacte Logement.

Aféierung an de SIGINOVA Portail

Fir de Gemengen de SIGINOVA méi no ze bréngen an se am Produit Pacte Logement 2.0 optimal ze ënnerstëtzen, bitt de SIGI all Dënschdes an Donneschdes mueres eng Aféierung an de SIGINOVA Portail un. Dës dauert 30 Minutten a gëtt, à distance, iwwer SIGIRooms organiséiert. Nieft der Presentatioun vun der Plattform, gëtt ënnert anerem an enger Live-Demonstratioun d’Gestioun vun den Accèsen a Gruppen am SIGINOVA virgestallt.

Fir un dëser Aféierung deelzehuelen, kann een sech per E-Mail un formations@sigi.lu umellen.